-
Communiqué a Relatioun mat den neie sanitäre Mesurë fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg
Wéinst der Evolutioun vum Coronavirus SARS-CoV-2 um internationalen Niveau an der Zirkulatioun vu mutéierte Stämm vum Virus SARS-CoV-2, informéieren den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère iwwert déi nei sanitär Mesurë fir all Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg.
-
Nächst Phas an der Ëmsetzung vun der COVID-19-Impfcampagne zu Lëtzebuerg (Phas 2)
De Regierungsrot huet haut, op Basis vum Avis vum 21. Januar vun der nationaler Ethikkommissioun (C.N.E.), déi nächst Phas vun der Impfcampagne festgehalen.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Livestream fänkt géint 18:30 Auer un.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Livestream fänkt géint 15 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 11. bis de 17. Januar
An der Woch vum 11. bis 17. Januar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.036 op 859 (-17%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.024 Fäll, am Verglach zu 3.496 (-14%) Fäll an der Woch virdrun.
-
Aluedung fir d'Table ronde "Nohaltegen Tourismus: Méi ewéi eng Alternativ?" an der Nationalbibliothéik
Am 21. Joerhonnert ass d'Tourismusbranche mat groussen Erausfuerderunge konfrontéiert. Net nëmmen déi aktuell COVID-19-Kris, ma och d'Diskussiounen iwwert de Klimawandel geheien d'Vakanzen, wéi een se säit Jore kennt, op d'Kopp: Fortbeweegungsmëttel wéi de Fliger an d'Schëff gi staark kritiséiert a sinn ëmmer méi ëmstridden.
-
Filmer zum Etikettage vun de Liewensmëttel
Am Kader vu senger Kampagn 'Sëcherheet op mengem Teller' lancéiert de Kommissariat fir Qualitéit, Bedruch a Liewensmëttelsëcherheet ab dem 18. Januar eng Reih vu Filmer, déi d’Konsumenten iwwer den Etikettage op de Liewensmëttel informéieren.
-
Verlaf vun der Impfcampagne zu Lëtzebuerg
De Stock u COVID-19-Impfdosisse gëtt no a no méi grouss.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 4. bis den 10. Januar
An der Woch vum 4. bis den 10. Januar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vun 1.135 op 1.036 (-9%) erofgaangen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.496 Fäll am Verglach zu 2.106 (+66%) Fäll an der Woch virdrun, eropgaangen ass.
-
"D'Lëtzebuerger Orthografie" ass nees ze kréien
Wéi am November 2019 eng aktualiséiert a completéiert Orthografie vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt gouf, war d'Nofro risegrouss. Bannent kierzter Zäit huet dat offiziellt Reegelwierk mussen zweemol nogedréckt ginn.
-
Start vun der Impfcampagne géint de COVID-19 an de Spideeler
No der Liwwerung vu 4.875 neien Dosisse vum BioNTech/Pfizer-Impfstoff den 11. Januar, hunn déi véier Spideeler CHdN, CHEM, CHL an HRS, sou wéi den CHNP mat der Impfung vum Gesondheets- a Fleegepersonal, sou wéi dem Rescht vum Personal an de Sous-traitantë bannent de Strukturen, ugefaangen.
-
Lëtzebuerg: Éischten EU-Memberstaat deen de Moderna-Impfstoff kritt
Lëtzebuerg ass den éischten EU-Memberstaat, deen de Coronavirus-Impfstoff vum US-Labo Moderna kritt huet. No der Maartzouloossung duerch déi Europäesch Medikamentenagence (EMA) an dem Accord vun der Europäescher Kommissioun de 6. Januar, goufen de Moien 1.200 Dosisse vum Moderna-Impfstoff op Lëtzebuerg geliwwert.
-
Besser Loft fir méi Liewensqualitéit: Consultation publique vir den nationale Loftqualtiéitsplang gëtt lancéiert
De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an d'Ëmweltverwaltung informéieren iwwer d'Consultation publique zum nationalen Loftqualitéitsplang. Vum 13. Januar un kënne Bierger a Gemengen de Plang consultéieren an hiren Avis dozou bei der Ëmweltverwaltung ofginn.
-
D'Sam Tanson huet déi nei geplangte Mesurë fir kulturell Aktivitéite virgestallt
De 7. Januar 2021 huet d'Kulturministesch Sam Tanson Detailer iwwert d'Reouverture vun de Kulturinstitutioune presentéiert an déi nei Moossname fir de Kultursecteur virgestallt, wéi se am Gesetzesprojet zur Ännerung vum Gesetz vum 17. Juli 2020 zur Aféierung vun enger Rei Moossnamen zur Bekämpfung vun der COVID-19-Pandemie virgesi sinn.
-
Pressebriefing iwwert déi nei Mesuren am Beräich Kultur
D’Kulturministesch Sam Tanson huet déi nei Mesurë presentéiert, déi am Beräich Kultur am Kampf géint d’Pandemie COVID-19 virgesi sinn. Si ass och op d’Reouverture vun de kulturellen Institutioune wéi Muséeën, Bibliothéiken, Archiven, Kinoen, Theateren a Concertssäll agaang.
- Éischt Säit
- ...
- 52
- 53
- 54
- 55
- 56
- ...
- Lescht Säit