D'Sam Tanson huet déi nei geplangte Mesurë fir kulturell Aktivitéite virgestallt

De 7. Januar 2021 huet d'Kulturministesch Sam Tanson Detailer iwwert d'Reouverture vun de Kulturinstitutioune presentéiert an déi nei Moossname fir de Kultursecteur virgestallt, wéi se am Gesetzesprojet zur Ännerung vum Gesetz vum 17. Juli 2020 zur Aféierung vun enger Rei Moossnamen zur Bekämpfung vun der COVID-19-Pandemie virgesi sinn.

©MCULT
Pressekonferenz

 

"De Kultursecteur ass net virun der Gesondheetskris verschount bliwwen", huet d'Ministesch ugemierkt a bezitt sech dobäi op d'Fermeture vun e puer a spéider all de Kulturinstitutioune säit dem 26. November, respektiv dem 26 Dezember 2020, "awer de Kultursecteur ass een essentielle Secteur, virun allem an enger Kris, wéi mir se aktuell erliewen, well en et eis engersäits erlaabt eng Paus vum Alldag ze huelen an anerersäits d'Gesellschaft an déi getraffen Entscheedungen ze hannerfroen."

De neie Gesetzesprojet kënnegt eng Relance vun de kulturellen Aktivitéiten zu Lëtzebuerg un, well all Institutiounen de Public, ënner bestëmmte Konditiounen, erëm empfänken dierfen: 

  • An de Säll kënne bis zu 100 Spectateuren empfaange ginn, ënnert de Konditiounen, datt se eng Mask droen an eng Sëtzplaz zougewise kréien an de Mindestofstand vun 2 Meter anhalen, wann se net zum selwechte Stot gehéieren oder zesumme wunnen.
  • Muséeën, Kulturzenteren, Ausstellungsraim, Archiven a Bibliothéike kënnen de Public empfänken, virausgesat d'Maskeflicht gëtt agehalen.
  • Professionell Kënschtler (Theater- a Filmschauspiller, Museker an Dänzer) duerfen hir berufflech Aktivitéit (Prouwen an Optrëtter) ouni Mask an ouni d'Anhale vun der Distanzreegel ausüben. 
  • Fräizäit- an Amateurkënschtler, sou wéi pedagogesch Aktivitéite bannent den Institutioune si fir bis zu 4 Persounen ouni Maskeflicht an ouni d'Anhale vun der Distanzreegel erlaabt. Et si Gruppe vu bis zu 10 Persounen erlaabt, wann d'Makseflicht an d'Distanzreegel agehale ginn. Et si Gruppe vu bis zu 100 Persounen erlaabt, wann d'Persounen eng Sëtzplaz zougewise kréien an d'Distanzreegel vun 2 Meter agehale gëtt.
  • Komplettéiert ginn dës Mesuren duerch e generellt Verbuet vu Restauratioun oder dem Zerwéiere vu Gedrénks. 

"Ech encouragéiere jiddereen, d'Programmer vun de Kulturinstitutiounen hei am Land ze consultéieren an de Räichtum vun eiser kultureller Offer nei z'entdecken", sot d'Sam Tanson ofschléissend.

Donieft huet d'Ministeresch un d'Verlängerung vun den zousätzleche Bäihëllefe fir Beruffskënschtler an zäiteweis optriedend Kënschtler bis den 28. Februar 2021 erënnert an huet een Iwwerbléck iwwert de Programm "Neistart Lëtzebuerg" ginn.

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert