Besser Loft fir méi Liewensqualitéit: Consultation publique vir den nationale Loftqualtiéitsplang gëtt lancéiert

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an d'Ëmweltverwaltung informéieren iwwer d'Consultation publique zum nationalen Loftqualitéitsplang. Vum 13. Januar un kënne Bierger a Gemengen de Plang consultéieren an hiren Avis dozou bei der Ëmweltverwaltung ofginn.

Wéinst Iwwerschreidungen vun de Grenzwäerter vum Stéckstoffdioxid (NO2), déi virum Joer 2020 op 7 verschiddene Plazen uechter d'Land festgestallt goufen, proposéiert de Plang verschidde Mesuren, déi d'Loftqualitéit op dësen sougenannten "Hot Spots" bis spéitstens 2024 solle verbesseren. D'Iwwerschreidungen goufen laanscht Stroossen mat staarkem Verkéiersopkommes an de Gemengen Hesper, Nidderkäerjeng, Esch-Uelzecht, Déifferdeng, Stad Lëtzebuerg, Réimech an Iechternach gemooss.

Bis den 13. Mäerz 2021 huet all Bierger an Gemeng d'Méiglechkeet, de komplette Plang ze consultéieren an en Avis dozou bei der Ëmweltverwaltung anzereechen iwwert déi nei elektronesch Plattform www.enquetes-publiques.lu. All d'Informatiounen iwwer d'Consultation publique fënnt een www.emwelt.lu an der Rubrik Aktualitéiten.

 

Communiqué vun der Ëmweltverwaltung

 

Aktualiséiert