-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 28. Dezember bis den 3. Januar
An der Woch vum 28. Dezember bis 3. Januar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vun 1.267 op 1.135 (-11%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.106 Fäll, am Verglach zu 3.207 (-34%) Fäll an der Woch virdrun.
-
Start vun der Impfcampagne géint de COVID-19 a Fleegeheemer
Entspriechend der Lëtzebuerger Impfstrategie, goufen de 6. Januar 2021 déi éischt Bewunner an Altersheemer géint de COVID-19 geimpft.
-
Pressebriefing iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot
De Livestream fänkt géint 15 Auer un.
-
Neierungen 2021
Nei gesetzlech Virschrëften a Reegelungen, déi de Bierger direkt betreffen, wäerten 2021 a Kraaft trieden. Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen déi en direkten Impakt op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 21. bis den 27. Dezember
An der Woch vum 21. bis 27. Dezember, d'Chrëschtdeeg mat abegraff, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vun 2.681 op 1.267 (-53%) staark erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.207 Fäll, am Verglach zu 8.620 (-63%) Fäll an der Woch virdrun.
-
Éischt Persoune géint de COVID-19 zu Lëtzebuerg geimpft
D'Catarina Fernandes, Infirmière a Cheffin vun der Unitéit fir Infektiounskrankheeten, dorënner de COVID-19, an de Kevin Nazzaro, Infirmier vun der Unitéit fir Infektiounskrankheeten, dorënner de COVID-19, sinn déi éischt 2 Persounen, déi am Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg den 28. Dezember 2020 géint de SARS-CoV-2 geimpft goufen.
-
Corona ass d'Wuert vum Joer 2020
Jury a Publikum si sech eens: Corona ass dat lëtzebuergescht Wuert vum Joer 2020. Dat Wuert, dat mat Ofstand am heefegste vun de Leit proposéiert gouf, krut um Enn och déi meeschten Zoustëmmung vum Jury.
-
Chrëschtusprooch 2020 vun S.K.A. dem Grand-Duc
Chrëschtusprooch vun S.K.A. de Groussherzog um Virowend vu Chrëschtdag.
-
Levée vun der temporärer Suspensioun vun de Passagéierflich aus dem Vereenegte Kinnekräich an aus dem Grand-Duché an dat Vereenegt Kinnekräich
Déi temporär Suspensioun vun de Passagéierflich aus dem Vereenegte Kinnekräich an aus dem Grand-Duché an dat Vereenegt Kinnekräich, gëtt ab dësem Mëttwoch, 23. Dezember 2020, um Mëtternuecht opgehuewen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 14. bis den 20. Dezember
An der Woch vum 14. bis 20. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vun 3.422 op 2.681 (-22%) erofgaangen, woubäi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 8.635 Fäll, am Verglach zu 8.861 (-2%) Fäll an der Woch virdrun, net signifikant geännert huet.
-
Pressebriefing iwwert d'Upassung vun de Mesuren am Educatiounsberäich am Kader vun der sanitärer Kris
De Livestream fänkt géint 10:30 Auer un.
-
Pressebriefing iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot
De Livestream fänkt géint 16 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 7. bis den 13. Dezember
An der Woch vum 7. bis 13. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, wéi och d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.422 Fäll, am Verglach zu 3.797 (-11%) Fäll an der Woch virdrun, erofgaangen.
-
"Gutt opgestallt fir d'Zukunft"
Interview vum Romain Schneider am GUDD
-
Livechat mam Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch
De 16. Dezember vu 17 Auer u steet de Minister „live“ Ried an Äntwert zum Thema „Schoul a Coronazäiten“.
- Éischt Säit
- ...
- 53
- 54
- 55
- 56
- 57
- ...
- Lescht Säit