Neierungen 2021

D'Joer 2020 war een ongewéinlecht Joer. Bedéngt duerch d'COVID-19-Pandemie hu vill Gesetzesprojete missen op e spéideren Datum verréckelt ginn. Kuckt wgl. de Site covid19.lu fir weider Informatiounen zu den aktuelle Mesuren: covid19.lu 

Nei gesetzlech Virschrëften a Reegelungen, déi de Bierger direkt betreffen, wäerten 2021 a Kraaft trieden.

Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen déi en direkten Impakt op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg. 

©SIP

Erhéijung vum Revis an dem soziale Mindestloun

Akraafttrieden : 1. Januar 2021

Ab dem 1. Januar 2021 gëtt de soziale Mindestloun ëm 2,8% erhéicht. D'Akommes fir sozial Aglidderung (Revis) gëtt och ëm 2,8% erhéicht.

Resümmee vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 20. November 2020

Zoulag fir d'Liewensdeierecht

Akraafttrieden : 1. Januar 2021

2021 hu Stéit mat engem klengen Akommes Recht op eng Zoulag fir d'Liewensdeierecht (allocation à la vie chère). Déi maximal Montante vum Deierungszouschlag ginn ëm 10% gehéicht. 

Resümmee vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 20. November 2020

Brexit

Akraafttrieden : 1. Januar 2021

De 24. Dezember 2020 ass en Accord mat Groussbritannie fonnt ginn. Vum 1. Januar 2021 un, wäert dësen Accord d'Relatiounen tëscht Groussbritannien an der europäescher Unioun a verschidde Beräicher reegelen.  

Méi Informatiounen am Dossier "Brexit"

Mesurë fir den Energiewiessel ze vereinfachen:

Akraafttrieden : 1. Januar 2021

Aféierung vum Verursaacherprinzip (prinicpe de pollueur-payeur) a Ausbau vun de Moossnamen zur Ënnerstëtzung vum ekologeschen Iwwergang

Wéi vill aner europäesch Länner, huet Lëtzebuerg decidéiert ab 2021 e Mindestpräis fir Kuelestoff anzeféieren. Dëse Verursaacherprinzip ass eng vun de Mesuren aus dem "Plan national intégré en matière d’énergie et de climat du Luxembourg" (PNEC), deen zum Zil huet d'Objektiver vum Paräisser Ofkommes z'erreechen.

De Mindestpräis fir Kuelestoff zielt fir Brennstoffer (Bensinn an Diesel), esou ewéi fir Heizungsmasutt a Gas. Mat Bléck op d'Klimakäschte vun de fossile Brennstoffer, wäert en zu engem méi séieren Iwwergang zu enger Mobilitéit ouni CO2-Ausstéiss an Heizungssystemer mat erneierbaren Energien bäidroen. Dëst beschleunegt den ekologeschen Iwwergang a verbessert d'Loftqualitéit. De Verursaacherprinzip schaaft also e System an deem d'Käschten, déi duerch d'Mesurë fir d'Reduktioun vun der Ëmweltverschmotzung entstinn, vum Verursaacher gedroe ginn. 

Komplett Ëmverdeelung vum erziilten Akommes: eng Mesure vun der Solidaritéit an dem ekologeschen Iwwergang 

Duerch de geziilte Gebrauch vun de Recettë gëtt de solidaresche Präiss vum Kuelestoff garantéiert. Esou ginn d'Akommes op eng equilibréiert Aart a Weis verdeelt fir konkret Schutzmoossname géint de Klimawandel a steierlech a sozial Mesuren ze finanzéieren, déi am Interessi vun der sozialer Gerechtegkeet direkt déi Stéit mat engem schwaachen Akommes betreffen: steierlech Virdeeler fir Salariéeën (CIS), Pensionnairen (CIP) an Independante (CII) wäerten ab dem 1. Januar 2021 vu 600 op 696 steigen. Ausserdeem, wäert d'Zoulag fir d'Liewensdeierecht den nämmlechten Datum ëm 10% gehéicht ginn.

Deen aneren Deel vun de Recettë gëtt fir Mesuren en Faveur vum ekologesch Iwwergang gebraucht.

Superreduzéiert TVA vun 3% fir energeetesch Renovatioun

Fir d'Besëtzer vun engem Logement dozou ze motivéieren energeetesch nohalteg ze renovéieren, gëtt den Alter vum Gebai, dee fir déi superreduzéiert TVA vun 3% gefrot gëtt, vun 20 op 10 Joer erofgesat. 

Amortiséierungstaux vu 6% fir Proprietäre mat Locatiounswunnengen

Fir Proprietäre vu Locatiounswunnenge gëtt en Amortiséierungstaux vu 6% iwwer 10 Joer accordéiert fir all Investitioun an eng energeetesch Renovatioun, déi vun de finanziellen Hëllefe vum Programm "Clever wunnen" profitéiert.

Aktualiséiert