Start vun der Impfcampagne géint de COVID-19 a Fleegeheemer

Entspriechend der Lëtzebuerger Impfstrategie, goufen de 6. Januar 2021 déi éischt Bewunner an Altersheemer géint de COVID-19 geimpft.

©SIP / Emmanuel Claude
Éischt Impfunge géint de COVID-19 an de Fleegeheemer duerch mobil Ekippen

 

Vun den 52 Institutiounen zu Lëtzebuerg, goufen déi éischt Impfunge bei Bewunner vun der Seniorie St Jean de la Croix an der Stad duerchgefouert. 

"Ech hu ganz ongedëlleg op dës Impfung gewaart. D'Gesondheet vun eis all steet um Spill", esou een erliichterten Dr. Joseph Mersch (96 Joer). "Ech ka menge Matbierger nëmme roden, et och ze maachen. Et huet net e Mol wéigedoen", sot den Dr. Joseph Mersch mat engem Laachen. 

D'Anne Wissler-Reiser (79 Joer) gëtt zou, datt si ugangs ganz nervös war, mee si seet, datt et fir si e Privileeg ass, eng vun den éischte Residenten ze sinn, déi geimpft goufen: "Ech hunn net eng Sekonn gezéckt! Et ass fir déi eenzel Persoun nëmmen e klenge Geste, mee extreem wichteg fir d'Kollektivitéit. Wa mir geschwënn zeréck an d'Normalitéit wëllen an eis Frënn a Famill wëlle rëmgesinn, dann ass hei vergläichsweis nëmmen e klengen Effort gefrot."

De gesammelten Donnéeë vun ZithaSenior no, ass d'Bereetschaft sech impfen ze loossen bei de Bewunner immens héich. 80-90% vun den eelere Leit reagéiere positiv op d'Invitatioun.

Bannent de Strukture ginn d'Impfstoffer an der Reegel vum zoustännegen Dokter op der Plaz oder vun enger/engem Infirmière/Infirmier aus dem Haus administréiert, wärend déi mobil Ekippe vum Gesondheetsministère der Struktur d'Impfstoffer, dat néidegt Material, sou wéi informatesch (Laptoppen, Printer, MSVAC-Applikatioun) a logistesch Ënnerstëtzung (Gestioun vun den Impfstoffbestellungen, Retouren, asw.) bereetstellen.

Aktuell sinn zwou mobil Ekippen am Asaz, déi jeeweils aus engem Dokter vum ëffentlechen Déngscht als Ekippechef, sou wéi administrativ a logistesch Assistenten (ofwiesselend vun der Arméi, dem CGDIS an der Douane) bestinn. All Ekipp ass engem Impfzenter zougeuerdent. 

Tëschent dem 6. a 14. Januar ass geplangt, d'Bewunner vun 11 Fleegeheemer ze impfen, no enger Lëscht vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun déi an enker Zesummenaarbecht mam COPAS erstallt gouf. Aner Fleege- an Altersheemer (Centres intégrés pour personnes âgées - CIPA) kommen no. Um Enn wäerte 6.200 Residentë géint de SARS-CoV-2 geimpft kënne ginn.

Et sief ugemierkt, datt dat komplett Personal aus den Altersheemer (6.332 Persounen aus dem Gesondheetssecteur an 8.927 aus anere Beruffsgruppen) an deenen nächste Wochen och an den Impfzentere geimpft wäert ginn. Déi éischt Impfunge goufen den 30. Dezember duerchgefouert.

Communiqué vum Staatsministère, dem Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun an dem Gesondheetsministère

Aktualiséiert