-
Pressekonferenz: de Lex Delles, Franz Fayot an d'Sam Tanson presentéiere Mesuren zur Konjunkturënnerstëtzung
De Lex Delles, Minister fir Mëttelstand, de Franz Fayot, Wirtschaftsminister, an d'Sam Tanson, Kulturministesch, presentéieren zousätzlech Mesuren zur konjunktureller Ënnerstëtzung vun deenen am stäerkste vun der COVID-19-Pandemie betraffe Secteuren.
-
Presentatioun vum Rapport vun der Analys vun der COVID-19-Situatioun an de Schoulen
De Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, presentéiert de Rapport vun der Analys vun der COVID-19-Situatioun an de Schoulen.
-
COVID-2: Réckbléck op d'Woch vum 2. bis den 8. November
An der Woch vum 2. bis den 8. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 4.127 Fäll am Verglach zu 4.700 Fäll an der Woch virdru liicht zeréckgaangen. D'Zuel un identifizéierte Kontakter ass stabel bliwwen a läit bei 12.582. D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 diagnostizéierte Persounen ass och stabel bliwwen a läit bei 41,4 Joer, am Verglach zu 41,2 Joer virdrun.
-
Verbuet vun all Drone-Flich iwwer dem Stade Josy Barthel den 17. November 2020
Am Kader vum Futtballsmatch tëschent den Nationalekippen vu Lëtzebuerg an Aserbaidjan, huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, den 17. November 2020 all Drone-Flich am Loftraum " Stade Josy Barthel " ze verbidden.
-
2. digital Presentatioun vum "séieren Tram" live aus dem Mobilitéisministère
Déi 2. ëffentlech Versammlung an digitaler Form iwwert de "séieren Tram" tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Süden ka live um Internetsite www.transports.lu gekuckt ginn.
-
Optimiséierung vun de "covid tracing"-Formulairen op covidtracing.public.lu
Fir d'Kontaktopnam vun der Contacttracing-Ekipp ze vereinfachen an ze beschleunegen, gouf d'Tracing-Prozedur iwwert d'Deklaratiounsformulairen optimiséiert.
-
Fir eng besser Reaktivitéit: beschleunegt Sendung vun Ordonnancë fir de COVID-19-Test a mobil Testekippen an de Schoulen
De sanitären Dispositif fir d'Schoulen gesäit vir, dass bei engem isoléierte Fall an enger Klass, also wann en eenzelne Schüler oder Enseignant an enger Klass positiv op COVID-19 getest gouf, déi concernéiert Klass weider d'Schoul besicht, an dobäi vun deenen anere Klassen am Schoulgebäi getrennt ass.
-
COVID-26: Réckbléck op d'Woch vum 26. Oktober bis den 1. November
An der Woch vum 26.Oktober bis den 1. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 4.701 Fäll am Verglach zu 3.388 Fäll an der Woch virdru staark geklommen (+39%). D'Zuel un identifizéierte Kontakter ass och weider geklommen a läit elo bei 12.562 (+26%).
-
Ouverture vun zwee Centre de prélèvement COVID-19 zu Esch an zu Diddeleng
Fir der grousser Demande un diagnostesche Coronavirus-Tester nozekommen, wäerten zwee Centre-de-prélèvementen (CDP) hir Dieren dës Woch opmaachen.
-
De Minister François Bausch ass aus der Quarantän eraus, no negativem Covid-19-Testresultat
De Minister François Bausch huet wéi virgeschriwwen haut um 6. Dag vu senger Quarantän e weideren Covid-19-Test gemaach. Vu datt d'Testresultat negativ ass, kann dem Minister seng Quarantän opgehuewe ginn.
-
COVID-19: Den Dan Kersch informéiert iwwer den Impakt vun de Mesuren op déi sportlech Aktivitéiten
De Livestream fänkt géint 17 Auer un.
-
COVID-19: Pressekonferenz vum Henri Kox iwwer d'Kontroll zur Anhalung vun de Mesuren déi am COVID-Gesetz virgesi sinn
De Livestream fänkt géint 15:45 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 19. bis de 25. Oktober
An der Woch vum 19. bis 25. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 3.387 Fäll am Verglach zu 1.280 Fäll an der Woch virdru staark geklommen (+265%). D'Zuel vun de Kontakter huet mat 9.980 Kontakter am Verglach zu 7.878 Kontakter virdrun och e ganz héije Niveau erreecht (+27%).
-
Message vu S.A.R. de Groussherzog am Kader vun der COVID-19 Pandemie
Message vu S.A.R. de Groussherzog.
-
Stellungnam zum rechtleche Status vun der Decharge "beim Jongholz" tëscht Alzeng a Fréiseng
No engem Post op Facebook, deen iwwert de Weekend vill Opmierksamkeet kritt huet, gesäit sech de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Verantwortung Opklärungsaarbecht ze leeschten an iwwert déi aktuell Faktelag am Dossier vun der illegaler Decharge "beim Jongholz" ze informéieren.
- Éischt Säit
- ...
- 55
- 56
- 57
- 58
- 59
- ...
- Lescht Säit