Stellungnam zum rechtleche Status vun der Decharge "beim Jongholz" tëscht Alzeng a Fréiseng

No engem Post op Facebook, deen iwwert de Weekend vill Opmierksamkeet kritt huet, gesäit sech de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Verantwortung Opklärungsaarbecht ze leeschten an iwwert déi aktuell Faktelag am Dossier vun der illegaler Decharge "beim Jongholz" ze informéieren.

Wat ass d'Situatioun um Terrain?

De Bedreiwer vun der Decharge – op där Sand a Bauschutt gelagert, Concassé hiergestallt an och Recycling-Aktivitéite bedriwwe ginn –, ass weder konform mam Kommodosgesetz, nach mat der Legislatioun zur Offallgestioun. Dobäi kënnt, dass den Terrain integral an der Gréngzon läit, datt d'Iwwergangsautorisatioun vun 2009 säit 17 Méint net méi gülteg ass, an datt nom Naturschutzgesetz vun 2018 esou Aktivitéiten net autorisabel sinn. Wéi all aner Handwierksaktivitéit, muss och de Recyclage an de Stockage vu Baumaterialien an enger vun enger Gemeng ausgewisener Bauzon stattfannen. No de Kontrollen um Site ass den Entrepreneur schonn 2018 drop higewise ginn, datt säin Depot a seng Aktivitéiten op där Plaz net legal sinn, an datt en Deel vum ofgelagerte Material (Bitumen) als geféierlecht Material gëllt.

Opgrond vun dësen Infraktiounen ass säit 2019 och de Parquet mam Dossier saiséiert.

Firwat steet eng Fermeture am Raum?

De Bedreiwer hat wuel säit 2009 eng Naturschutz-Autorisatioun fir 10 Joer déi vum deemolege Minister ausgestallt gi wor. Dës Geneemegung huet awer nëmmen de Volet vum Naturschutz ofgedeckt an net déi aner genannte geneemegungsflichteg Beräicher. Dës Gesetzeslag ass dem Bedreiwer hilänglech bekannt. D'Naturschutz-Autorisatioun ass am Januar 2019 definitiv ofgelaf. De Bedreiwer ass schonn e puer Méint virdrun opgefuerdert ginn no engem alternative Site ze sichen. De Ministère huet de Bedreiwer och drop higewisen, dass am Perimeter vun der Gemeng Léisunge kéinte fonnt gi wann de Bedreiwer géif d'Situatioun proaktiv zesumme mat der Gemengenautoritéit ugoen.

Firwat huet de Ministère net direkt am Januar 2019 e Baustopp verhaangen?

Wéi och bei aneren Dechargen (Déifferdeng, etc.), ass de Ministère grondsätzlech ëmmer drop beduecht fir léisungsorientéiert mat den Entreprisen ze verhandelen, wann dës sech an deem engen oder anere Beräich an der Non-Konformitéit befannen. De Bedreiwer krut an deem hei Fall vill Virlaf fir sech op eng Mise en conformité anzestellen. Säitdeem ass awer weder e kompletten techneschen Dossier agereecht ginn, nach ass en neie Site an d'Gespréich bruecht ginn. Och huet de Ministère vun der Gemeng bis ewell keng Nouvellen, dass um Niveau vum PAG eng Ëmklasséierung an d'Weeër geleet gouf déi et géif erlaben den Depot ëmzesidelen an eng Zone d'activité unzeglidderen. Heifir hätt de Bedreiwer am Laf vun deene leschten 2 Joer déi néideg Virbereedunge kéinten treffen.

De Ministère appelléiert dofir ausdrécklech un de Bedreiwer, fir schnellstméiglech déi néideg preparativ Schrëtt en vue vun engem neie Site ze ënnerhuelen.

 

Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung

Aktualiséiert