Fir eng besser Reaktivitéit: beschleunegt Sendung vun Ordonnancë fir de COVID-19-Test a mobil Testekippen an de Schoulen

De sanitären Dispositif fir d'Schoulen gesäit vir, dass bei engem isoléierte Fall an enger Klass, also wann en eenzelne Schüler oder Enseignant an enger Klass positiv op COVID-19 getest gouf, déi concernéiert Klass weider d'Schoul besicht, an dobäi vun deenen anere Klassen am Schoulgebäi getrennt ass. Ausserdeem ginn d'Schüler an den oder déi Enseignant(en) invitéiert, sech de 6. Dag nom leschte Kontakt mat der positiv getester Persoun testen ze loossen.

Den Testing ass en zentraalt Element am Kampf géint d'Verbreedung vum Coronavirus.

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an de Gesondheetsministère hunn decidéiert den aktuellen Operatiounsmodus z'adaptéieren fir eng méi héich Reaktivitéit beim Bereetstellen vum sanitären Dispositif vun der Educatioun z'assuréieren (Stufeplang).

Beschleunegung vun der Sendung vun Testordonnancen

Fir en Empfang matzäit ze garantéieren, gëtt d'Diffusioun vun Testordonnancen elo duerch d'Servicer vun der Educatioun assuréiert. Esou ginn d'Ordonnancen an zwou Formen erausginn: engersäits direkt un d'Elteren vun de Schüler (oder un e groussjärege Schüler) iwwer E-Mail, an anerersäits a geprinter Versioun, déi vun den Enseignanten un d'Schüler verdeelt ginn.

Aféierung vu mobillen Testekippen an de Schoulen

Fir d'Schüler vun de vum Zenario 1 concernéierte Klassen méi séier ze testen, gi mobil Testekippen an d'Schoulgebaier fir déi concernéiert Schüler an Enseignanten op der Plaz ze testen. D'Durchféiere vum Test gëtt mat Erlabnis vum groussjärege Schüler oder mam Accord vun den Eltere vu mannerjärege Schüler duerchgefouert.

D'Prouwe gi wärend de Schoulstonne geholl. Weekends gi keng Tester gemaach. Persounen, déi vun dëser Offer net wëlle profitéieren, hu weiderhin d'Méiglechkeet an e Labo oder Zenter ze goen, dee COVID-19-Tester duerchféiert.

Eng Dosen obil Ekippe ginn ab elo ausgebilt a fänke mat hiren Aktivitéiten an der Woch vum 16. November un. Se wäerten all aus zwou Persoune bestoen, dovunner e Professionellen aus dem Gesondheetsberäich, deen déi oral Prouwen hëlt. Déi zweet Persoun bekëmmert sech ëm d'administrativ Gestioun vun den Tester, also ëm d'Verifikatioun vun der Iwwerteneestëmmung vun der medizinescher Ordonnance an der Matricule vun der Persoun, déi getest gëtt.

D'Resultater gi weiderhin exklusiv un déi getest Persoun oder un d'Elteren vum mannerjärege Schüler iwwermëttelt.

 

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

 

Aktualiséiert