Message vu S.A.R. de Groussherzog am Kader vun der COVID-19 Pandemie

©Cour grand-ducale / Sophie Margue S.A.R. de Groussherzog
S.A.R. de Groussherzog

 

Léif Matbierger,

An dëse schwieregen Zäiten ass et mir wichteg, e puer Gedanke mat Iech ze deelen.

Dir wësst alleguer, datt an de leschten Deeg d’Zuel vun den Infektiounen um Coronavirus erëm massiv an d’Luucht gaangen ass. Souwuel an Europa, wéi uechter d’ganz Welt.

Lëtzebuerg ass net verschount bliwwe vun dëser zweeter grousser Well. Wat mir besonnesch Suerge mécht, ass d’Nouvelle, dass et an de Spideeler Fäll gouf, wou Personal sech infizéiert huet. Dobäi kënnt  d’Informatioun, dass et och nees méi Infektiounen an Alters- a Fleegeheemer gëtt.

Duerch déi staark Hausse un neien Infektiounen ass d’Situatioun am Gesondheetssecteur ugespaant. D’Personal an de Spideeler leescht eng aussergewéinlech Aarbescht. Si setzen alles drun, fir eng optimal Prise en Charge ze garantéieren.

Et ass awer och un all Eenzele vun eis, deen hei zu Lëtzebuerg wunnt, lieft oder schafft, matzehëllefen, fir d’Verbreede vum Virus nees ze limitéieren.

Mir all droe Verantwortung vis-à-vis vun eise Matmënschen, a besonnesch vis-à-vis vun de vulnerabelen an eelere Persounen.

Et ass eng Fro vu Solidaritéit a vu Respekt, datt mir eis un d’Reegelen halen. Dat si mir eise Matmënsche schëlleg, mee och den Infirmieren, Dokteren, Aide-soignants an all dem Personal an de Spideeler.

D’Restriktiounen, déi den Alldag an eis Fräiheeten aschränken sinn exzeptionell Mesuren a keng einfach Decisiounen. Mee, si sinn de Moment noutwenneg an adaptéiert an der Lutte géint dës Pandemie.

Dofir gëllt och weiderhin, déi sozial Kontakter ze limitéieren, a sech op dat ze konzentréieren, wat wierklech muss sinn. Et sinn am Fong kleng Gesten, déi Grousses kënne bewierken.

Ech ziele fest op d’Solidaritéit vun Iech alleguerten, fir dass mir dës zweet Well esou gutt wéi méiglech iwwerstinn.

Et ass elo wou et zielt, an nëmmen zesumme kënne mir dat packen.

Aktualiséiert