-
Franz Fayot iwwert d'Aféiere vun engem Moossnamepak fir déi vum COVID-19 betraffen Entreprisen an déi national Ekonomie z’ënnerstëtzen
De Livestream fänkt géint 18 Auer un.
-
De Xavier Bettel informéiert d'Press iwwert déi aktuell Situatioun COVID-19
De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
En neien Hëllefsoutil fir Schüler, Elteren a Léierpersonal beim Léieren doheem
De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend huet en neien Hëllefsoutil en Place gesat fir Schüler, Enseignanten an Eltere wärend dem Aussetze vun de Coursen z'ënnerstëtzen.
-
Mesuren um Niveau vun de Sozialkotisatiounen déi am Kader vun der COVID-19-Kris duerch de Centre commun de la sécurité sociale agefouert ginn
Wéinst dem Impakt vum COVID-19 op d'Entreprisen an déi Fräiberufflech zu Lëtzebuerg, hunn de gemeinsamen Zentrum fir sozial Sécherheet (Centre commun de la sécurité sociale) an de Minister fir sozial Sécherheet, Romain Schneider, eng Rei Mesurë geholl fir d'Entreprisen an d'Fräiberuffler z'ënnerstëtzen, andeems se méi Flexibilitéit bei der Bezuelung vun hire Sozialversécherungsbäiträg kréien.
-
Pressekonferenz vum Dan Kersch a Romain Schneider iwwert d'Konsequenze vum COVID-19
De Livestream fänkt géint 17 Auer un.
-
Pressekonferenz vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert zu de Maison-médicalen
De Livestream fänkt géint 16:15 Auer un.
-
Presentatioun vun de Mesure, Sanktiounen an d'Ëmsetzungen dovun am Kader vum Nationalen Noutstand
De Livestream fänkt géint 11h Auer un.
-
Nei Online-Verkafsplattform fir vulnerabel Leit
Den 19. Mäerz 2020 hunn de Minister fir Mëttelstand Lex Delles an d'Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen d'Online Verkafsplattform corona.letzshop.lu fir vulnerabel Leit gestart.
-
Groussherzoglecht Reglement vum 18. Mäerz 2020 dat eng Serie vu Mesuren am Kader vun der Lutte géint COVID-19 aféiert.
Dat groussherzoglecht Reglement vum 18. Mäerz 2020, dat eng Serie Mesuren am Kader vun der Lutte géint de COVID-19 aféiert, gouf am Offizielle Journal vum Groussherzogtum Lëtzebuerg (Memorial) publizéiert, an ass domat op deen Dag a Kraaft getrueden. Domat ass um nationalen Territoire den Ausnamezoustand deklaréiert, konform mam Artikel 32(4) vun der Constitutioun.
-
Schoulen a Betreiungsstrukturen: d'Aussetze vun den Aktivitéite gëtt bis den 19. Abrëll 2020 verlängert
Vu dass d'Zuel vun de COVID-19-Infektiounen zu Lëtzebuerg weiderhin an d'Luucht ginn an no enger Reevaluatioun vun der Situatioun duerch d'Direction de la santé, huet d'Regierung decidéiert d'Aussetze vun den Aktivitéiten am schouleschen an edukative Beräich bis den 19. Abrëll 2020 ze verlängeren.
-
Coronavirus: Virsiichtsmoossnamen an Ausnamereegelunge an der Landwirtschaft
Vu d'Evaluatioun vum Coronavirus COVID-19, huet d'Regierung Virsiichtsmoossnamen an Ausnamereegelunge en Place gesat, déi och d'Landwirtschaft betreffen.
-
Livestream vum Pressebriefing mam Xavier Bettel nom Regierungsrot 18.03.2020
De Livestream fänkt géint 18h Auer un.
-
Ëffnung vun de Maisons-médicalë fir Patiente mat Symptomer vum Coronavirus
Vum 18. Mäerz un empfänken d'Maison-médicalë fir Allgemengmedizin Patienten déi Symptomer vun enger akuter Infektioun vun den Otemweeër opweisen.
-
Deklaratioun vum Premierminister an der Chamber: Bleift doheem!
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut an der Chamber eng Deklaratioun iwwer d'Mesurë gemaach géi d'Regierung wéint COVID-19 décidéiert huet. Dono huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert eng Declaratioun gemaach.
-
Communiqué fir Lëtzebuerger an Awunner vu Lëtzebuerg déi sech aktuell am Ausland ophalen
Den Aussen- an Europaministère invitéiert alleguer d'Lëtzebuerger an Awunner vu Lëtzebuerg déi sech aktuell am Ausland ophalen an/oder hir Studien am Ausland maachen en Urgence hir Réckreesméiglechkeeten op Lëtzebuerg ze préiwen.
- Éischt Säit
- ...
- 65
- 66
- 67
- 68
- 69
- ...
- Lescht Säit