Communiqué fir Lëtzebuerger an Awunner vu Lëtzebuerg déi sech aktuell am Ausland ophalen

Den Aussen- an Europaministère invitéiert alleguer d'Lëtzebuerger an Awunner vu Lëtzebuerg déi sech aktuell am Ausland ophalen an/oder hir Studien am Ausland maachen en Urgence hir Réckreesméiglechkeeten op Lëtzebuerg ze préiwen.

D'Verfügbarkeet vu verschiddenen Transportmëttelen hëlt ëmmer méi of, well d'Zuel vun de Länner klëmmt déi Reesrestriktiounen aféieren. Ënner dësen Ëmstänn kann ee kuerzfristege Retour net méi sécher gestallt ginn.

De Ministère recommandéiert dofir de Lëtzebuerger an den Awunner vu Lëtzebuerg déi sech aktuell am Ausland ophalen, besonnesch ausserhalb vum Schengen-Raum, an a Funktioun vun hirer spezifescher Situatioun, mat hirer Reesagence an/oder Airline d'Disponibilitéit vu Retour-Vollen an Europa an op Lëtzebuerg ze préiwen, an am Fall wou et néideg ass, mat enger Lëtzebuerger Ambassade am concernéierte Land (https://maee.gouvernement.lu/fr/missions-diplomatiques/missions-diplomatiques-et-consulaires-luxembourgeoises.html), respektiv mam Aussen- an Europaministère a Kontakt ze trieden (https://maee.gouvernement.lu/fr/directions-du-ministere/affaires-consulaires.html).

D'Grenze sinn op fir Lëtzebuerger an Awunner vu Lëtzebuerg déi zeréck op Lëtzebuerg kommen.  

 

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert