Schoulen a Betreiungsstrukturen: d'Aussetze vun den Aktivitéite gëtt bis den 19. Abrëll 2020 verlängert

Vu dass d'Zuel vun de COVID-19-Infektiounen zu Lëtzebuerg weiderhin an d'Luucht ginn an no enger Reevaluatioun vun der Situatioun duerch d'Direction de la santé, huet d'Regierung decidéiert d'Aussetze vun den Aktivitéiten am schouleschen an edukative Beräich bis den 19. Abrëll 2020 ze verlängeren. Dës Decisioun betrëfft all ëffentlech a privat Schoul- an Ausbildungsstrukturen esou ewéi Betreiungsstrukturen.

D'Reprise vun den Aktivitéiten, déi ursprénglech fir den 30. Mäerz 2020 virgesi war, ass elo op den 20. Abrëll 2020 verréckelt, also de Méindeg no der Ouschtervakanz.

D'Direction de la santé wäert d'Situatioun weiderhi reevaluéieren an den Datum vun der Reprise kann der Evaluatioun entspriechend ëmmer erëm nei adaptéiert ginn.

Aktuell gesäit de Kalenner vun den nächste Woche folgendermoossen aus:

Betreiungsstrukturen

D'Aktivitéite si bis den 19. Abrëll 2020 annuléiert. D'Betreiungsstrukture sinn och an der Ouschtervakanz zou.

Grondschoulen an Enseignement secondaire

D'Aktivitéite si bis den 3. Abrëll, den Ufank vun der Ouschtervakanz, annuléiert. D'Schüler wäerte bis den 3. Abrëll iwwer Fernstudium ënnerriicht ginn (Schoul doheem).

Wéi schonn den 12. Mäerz annoncéiert gouf, wäert d'Enn vum aktuelle Schoultrimester op den 30. Abrëll verréckelt ginn, respektiv op zwou Wochen no der Ouschtervakanz.

Grondschoulen

Déi gemeinsam Tester vum Cycle 4.2., déi fir d'Woch vum 16. Mäerz geplangt waren, ginn an der Woch vum 20. Abrëll nogeholl. Déi gemeinsam Tester vum Cycle 4.2., déi fir d'Woch vum 23. Mäerz geplangt waren, ginn an der Woch vum 27. Abrëll nogeholl. .

D'Gespréicher zu den Tëschebilanen, déi zum Schluss vum 2. Trimester virgesi waren, kënnen ausnamsweis bis den 8. Mee inklusiv stattfannen.

Enseignement secondaire

D'Prüfungen déi fir d'Woch vum 16. Mäerz virgesi waren, ginn an der Woch vum 20. Abrëll nogeholl.

D'Prüfungen déi fir d'Woch vum 23. Mäerz virgesi waren, ginn an der Woch vum 27. Abrëll nogeholl.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

 

Aktualiséiert