Ëffnung vun de Maisons-médicalë fir Patiente mat Symptomer vum Coronavirus

Vum 18. Mäerz un empfänken d'Maison-médicalë fir Allgemengmedizin Patienten déi Symptomer vun enger akuter Infektioun vun den Otemweeër opweisen.

Zil vun deem Kanal ass et fir Patienten ausserhalb vun den Noutdéngschter an den Cabinete vun den Dokteren ze konzentréieren, fir esou d'Diffusioun vun der Epidemie anzeschränken an op der Plaz den Accès zu Kapazitéite fir Prouwe sécherzestellen, mat deenen d'Personal, mat den néidege Schutzmoossnamen, den Diagnostique maache kënnen.

Déi 3 Maison-médicalen am Land déi Garde hunn wäerten an der Woch vun 8 bis 16 Auer op sinn. Zil vun dësem Fonctionnement ass et, datt d'Maisons-médicalë Persounen, déi ënner enger akuter Infektioun vun den Otemweeër leiden, e Circuit unzebidden, wou se ëm 3 Axen en Charge geholl ginn: Accueil a Verdeelung – medezinesch Consultatioun – Prouf.

"Dëse separate Flux en place ze setzen ass Deel vun den Ustrengunge vun der Regierung fir d'Ausbreedung vum Virus ze bremsen. Am Hibléck op d'Ausmooss vun dëser Epidemie ass et essentiel fir Zäit ze wannen" huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert ervirgestrach.

Fir de Fonctionnement vun de Maison-médialen z'assuréieren, gitt just op Indikatioun vun Ärem Dokter dohinner.

3 Maisons-médicalen am Land hu Garde:

  • Stad Lëtzebuerg
  • 59, rue Michel Welter, L-2730 Luxembourg
  • Esch-Uelzecht
  • 70, rue Émile Mayrisch, L-4240 Esch/Alzette
  • Ettelbréck
  • 110, avenue Lucien Salentiny, L-9080 Ettelbruck

Optioune fir eng änlech medezinesch Struktur am Oste vum Land anzeriichte ginn am Moment analyséiert.

All d'Informatioune fannt dir op der Säit https://gouvernement.lu/coronavirus.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert