Nei Online-Verkafsplattform fir vulnerabel Leit

Den 19. Mäerz 2020 hunn de Minister fir Mëttelstand, Lex Delles, an d'Ministesch fir Famill an Integratioun, Corinne Cahen, d'Online Verkafsplattform corona.letzshop.lu fir vulnerabel Leit gestart.

Virum Hannergrond vun der COVID-19 Coronavirus-Pandemie ënnerstëtzt dës Plattform déi Leit, déi hir eegen Akeef net selwer kënne maachen. D'Plattform profitéiert vun der scho bestoender Infrastruktur vu letzshop.lu. Déi nei Plattform bitt ee Liwwerdéngscht heem, dee méi wéi 40 noutwendeg Produiten ubitt, wéi Räis, Nuddelen, Mëllech, Uebst a Geméis. Fir all déi vulnerabel Leit z'erreechen ass d'Plattform corona.letzshop.lu net nëmmen iwwer Internet verfüügbar, mee och iwwert d'Telefonsnummer 8002 9292 erreechbar.

De Minister fir Mëttelstand Lex Delles sot an deem Kontext, "datt mir virun allem an dëse schwieregen Zäite solidaresch matenee musse sinn." Dank der corona.letzshop.lu-Plattform hunn déi vulnerabel Leit Zougang zu Basisproduiten, ouni engem physesche Kontakt ausgesat mussen ze sinn, dee potenziell geféierlech kéint sinn.

D'Corinne Cahen, d'Ministesch fir Famill an Integratioun, huet och betount, datt "mir virun allem vulnerabel Persoune schütze mussen. Déi nei Plattform ass e Schlësselelement an dësem Prozess, well si erméiglecht, datt betraffe Persounen sech esou a kompletter Sécherheet kënnen approvisonéieren. Ech wëll och nach eng Kéier ënnersträichen, datt d'Solidaritéit, besonnesch an dëser Krisenzäit, nach méi wéi jee eng wichteg Roll spillt, an ech ruffen d'Bierger dofir op, nëmme Gebrauch vun dëser Plattform ze maachen, wa si zu de vulnerable Persoune gehéieren a wa si keng aner Méiglechkeet hunn, sech anzedecken."

Et sief bemierkt, datt d'Online-Verkafsplattform corona.letzshop.lu nëmme fir vulnerabel Peroune geduecht ass, déi keng aner Méiglechkeet hunn, fir sech selwer z'approvisonéieren. Dëst betrëfft Leit, déi méi wéi 65 Joër al sinn, esou wéi Leit mat Diabetis, kardiovaskuläre Krankheeten, chroneschen Erkrankunge vun den Otemweeër, Kriibs oder enger Immunschwächt opgrond vun enger Krankheet oder enger Therapie.

All Persoun, déi d'Méiglechkeet huet, sech iwwert en anere Wee ze approvisionéieren (Familljememberen, Scouten, asw.) ass gebieden, weder dës Websäit nach d'Telefonsnummer ze benotzen.

Dovun ofgesinn ass de Site letzshop.lu fir de Grand public op.

 

Communiqué vum Wirtschaftsministère a vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun

Aktualiséiert