Groussherzoglecht Reglement vum 18. Mäerz 2020 dat eng Serie vu Mesuren am Kader vun der Lutte géint COVID-19 aféiert.

Dat groussherzoglecht Reglement vum 18. Mäerz 2020, dat eng Serie Mesuren am Kader vun der Lutte géint de COVID-19 aféiert, gouf am Offizielle Journal vum Groussherzogtum Lëtzebuerg (Memorial) publizéiert, an ass domat op deen Dag a Kraaft getrueden. Domat ass um nationalen Territoire den Ausnamezoustand deklaréiert, konform mam Artikel 32(4) vun der Constitutioun.

Dat groussherzoglecht Reglement kann hei gelies ginn (op Franséisch): http://www.legilux.lu/eli/etat/leg/rgd/2020/03/18/a165/jo

D'Deklaratioun vum Ausnamezoustand ass eng ausseruerdentlech Decisioun, déi als Zil huet, fir der Regierung d'Méiglechkeet ze ginn dréngend Mesuren ze huelen, déi néideg si fir dës Kris an de Grëff ze kréien. Esou gëtt e kloere reglementareschen a legale Kader geschafen, am Aklang mat der Lëtzebuerger Constitutioun: d'Aktiounsfeld wat duerch deen Artikel ofgedeckt ass, beschränkt sech op Mesuren, déi iwwer déi normal legislativ Prozedur net mat Zäit kënne geholl ginn.

D'Chamber kann zu all Moment den Ausnamezoustand suspendéieren oder ophiewen: d'parlamentaresch Kontroll bleift esou komplett erhalen. Konform zum Artikel 32(4) vun der Constitutioun kann d'Verlängerung vum Ausnamezoustand iwwert 10 Deeg eraus just iwwert de legislative Wee vun der Chamber a mat enger Zwee-Drëttel-Majoritéit decidéiert ginn. D'Dauer vum Ausnamezoustand gëtt vun der Chamber festgeluecht, an dierf eng maximal Dauer vun 3 Méint net iwwerschreiden.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert