-
D'Kaart vum neien RGTR-Reseau, wegweisend an Europa
Et gëtt keng Lokalitéit am Land mat méi wéi 20 Awunner, déi net méi am neien RGTR-Reseau ugebonnen ass.
-
Regierungsëmbildung
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert, datt Seng Kinneklech Altesse de Grand-Duc dësen Nomëtteg den Étienne Schneider, Vizepremierminister, Wirtschaftsminister a Gesondheetsminister, op deem säi Wonsch hin éierenhaft entléisst.
-
Visitt vum President vum NATO-Militärkommitee am Centre militaire
Den 28. Januar 2020 huet de President vum NATO-Militärkommitee a Generol vun der Loftwaff, de Sir Stuart Peach, de Centre militaire zu Dikrech am Kader vun enger Aarbechtsvisitt besicht.
-
Xavier Bettel bei der Commemoratioun zum 75. Joresdag vun der Befreiung vum Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau
De 27. Januar 2020 huet Premier- a Staatsminister Xavier Bettel zesumme mam Grand-Duc un der Commemoratioun zum 75. Joresdag vun der Befreiung vum Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau deelgeholl.
-
Xavier Bettel um Weltwirtschaftsforum
De Premier- a Staatsminister ass fir déi 6. Kéier um WEF zu Davos an der Schwäiz. De Weltwirtschaftsforum ass eng gudd Plaz fir an engem informellen Kader, wichteg politesch an ekonomesch Akteuren ze begéinen, genau esou wéi Vertrieder vun der Zivilgesellschaft.
-
Elo gratis ze bestellen: Landkaart mat lëtzebuergeschen a franséischen Uertsnimm
Fir et de Kanner a Jugendleche méi einfach ze maachen, den offiziellen, meeschtens franséischen Numm mat dem lëtzebuergeschen Numm ze associéieren, huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Landkaart mat den Nimm vun den Uertschaften an de Flëss a béide Sproochen erausbruecht an un all Grondschoulen a Lyceeë geschéckt.
-
Neijoerschwënsch: häerzlech Entrevue tëscht dem Romain Schneider an de Vertreider vun der "Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren"
Bei den tradionellen Neijoerschwënsch huet de Romain Schneider den Tour iwwert d'Aktualitéit am Beräich vun der Agrarpolitik gemaach, besonnesch wat d'Jongbauere betrëfft.
-
Grënnung vum Nationale Büro fir Opnam (ONA) a vum Departement fir Integratioun
D'Gesetz vum 4. Dezember 2019 iwwert d'Grënnung vum Nationale Büro fir Opnam ("Office national de l'accueil", ONA) stellt d'Zoustännegkeet fir d'Opnam vun DPIen (Demandeure fir internationale Schutz) ënnert d'Kompetenz vum Minister Jean Asselborn, dem Minister fir Immigratioun an Asyl.
-
Neierungen 2020
Nei gesetzlech Reegelen a Virschrëften, déi de Bierger direkt betreffen, wäerten 2020 a Kraaft trieden. Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen déi en direkten Afloss op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg.
-
"Mir brauchen Talenter déi bei eis komme wéinst deem wat bei eis geschitt!"
Interview mam Marc Hansen am FGFCmag
-
Arméi: Réckbléck op d'Joer 2019
Déi traditionell "Hellegowend" Feier vun der Arméi huet a Presenz vum Verdeedegungsminister François Bausch an dem Delegéierte Minister fir Verdeedegung Henri Kox, souwéi zuelräich Membere vun der Arméi, Zaldoten a Zivilpersounen am Militärzentrum zu Dikrech stattfonnt.
-
Paulette Lenert besicht d'United Nations Technology Innovations Lab a Finnland
Den 18. Dezember 2019, ass d'Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, a Finnland gereest fir den United Nations Technology Innovations Lab (UNTIL) zu Espoo.
-
De Romain Schneider huet déi éisträichesch Ambassadrice S.E. Mme Melitta Schubert empfaangen
Dënschdes, de 17. Dezember 2019, huet de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider déi éisträichesch Ambassadrice S.E. Mme Melitta Schubert am Kader vun engem Héiflechkeetsbesuch begéint.
-
De Xavier Bettel huet d'Nancy Pelosi fir eng Entrevue am Staatsministère empfaangen
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet d'Nancy Pelosi, Spriecherin vum Representantenhaus an Amerika, am Kader vun hirer Visitt fir de 75. Joresdag vun der Ardenneschluecht, am Staatsminister fir eng Entrevue empfaangen.
-
Discours de Romain Schneider à la séance académique "50 ans cartographie des sols"
Discours prononcé du ministre de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural à la séance académique "50 ans cartographie des sols", le 11 décembre 2019.
- Éischt Säit
- ...
- 67
- 68
- 69
- 70
- 71
- ...
- Lescht Säit