Neijoerschwënsch: häerzlech Entrevue tëscht dem Romain Schneider an de Vertreider vun der "Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren"

Bei den tradionellen Neijoerschwënsch huet de Romain Schneider den Tour iwwert d'Aktualitéit am Beräich vun der Agrarpolitik gemaach, besonnesch wat d'Jongbauere betrëfft.

©MA
Romain Schneider mat Vertrieder vun "Lëtzebuerger Landjugend a Jongbauren"

 

Déi nei gemeinsam Agrarpolitik (Politique agricole commune - PAC) ab 2020 definéiert d'Ënnerstëtzung fir Jongbaueren als eng vun hire grousse Prioritéiten. D'Jongbaueren hunn oft gréisser Schwieregkeeten fir am Ufank u Kapital ze kommen, eng Phas an där awer grouss Investitioune néideg sinn an déi oft nëmme wéineg rentabel ass.

Aner Sujeten déi ugeschwat goufe sinn d'Solidaragrikultur, déi sech als Chance fir nei Baueren erweist fir an der Agrikultur Fouss ze faassen.

De Minister Romain Schneider begréisst och den Engagement am Beräich Educatioun an d'Plattform "Fro de Bauer" vun der "Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren".

"Am Kontext vum Klimawandel ass d'Sensibiliséierung vum Konsument e weesentleche Punkt fir den Image vum Agrarsecteur ze verbesseren."

De Landwirschaftsminister Romain Schneider an d'Vertrieder vun der "Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren" freeë sech op eng weider exzellent Zesummenaarbecht am nächste Joer.

Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

Aktualiséiert