Dënschdes, de 17. Dezember 2019, huet de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider déi éisträichesch Ambassadrice S.E. Mme Melitta Schubert am Kader vun engem Héiflechkeetsbesuch begéint.
Den Austausch goung ëm verschidde Beräicher aus der Landwirtschaftspolitik an aner aktuell Themen. De Romain Schneider huet Éisträich eng "Inspiratioun" fir Lëtzebuerg genannt wat déi biologesch Landwirtschaft betrëfft. Et ass dat Land dat proportionell déi gréisste Fläch biologesch ubaut, an dat mat méi wéi 20% vun der landwirtschaftlecher Gesamtfläch.
D'Ambassadrice an de Minister hunn sech géigesäiteg fir déi gutt bestoend Relatiounen tëscht Éisträich a Lëtzebuerg felicitéiert an engagéieren sech weiderhi fir e reegelméissegen Austausch.
Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung