De Xavier Bettel huet d'Nancy Pelosi fir eng Entrevue am Staatsministère empfaangen

De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet d'Nancy Pelosi, Spriecherin vum Representantenhaus an Amerika, am Kader vun hirer Visitt fir de 75. Joresdag vun der Ardenneschluecht, am Staatsminister fir eng Entrevue empfaangen. 

©SIP / Luc Deflorenne
Xavier Bettel, Premier- a Staatsminister an Nancy Pelosi, Spriecherin vum Representantehaus vun den Vereenegte Staaten

 

Déi gemeinsam Erënnerung un den 2. Weltkrich an d'Affer déi déi amerikanesch Truppe gemaach hunn, fir déi europäesch Länner ze befreien, waren d'Haaptgespréichstheemen. Déi bilateral Relatiounen tëschen Amerika a Lëtzebuerg an d'Wichtegkeet vum Multilateralismus goufen och ugeschwat.

"Lëtzebuerg wäert ni vergiesse wat d'Amerikaner geopfert hu fir eist Land vun der friemer Ënnerdréckung ze befreien. Zanter hier, hunn Amerika, Lëtzebuerg an d'europäesch Unioun eng zolidd Partnerschaft opgebaut, déi déi modern Welt gepräägt huet. Fir eis gemeinsam Zukunft, musse mir weiderhin un engem multilateralen Asaz festhalen, beim dem d'Zesummenaarbecht méi wichteg ass wéi all Konfrontatioun." sot de Premierminister wärend der Entrevue.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert