Den traditionellen "Hellegowend" vun der Arméi huet a Presenz vum Verdeedegungsminister François Bausch an dem Delegéierte Minister fir Verdeedegung Henri Kox, souwéi zuelräich Membere vun der Arméi, Zaldoten a Zivilpersoune am Militärzentrum zu Dikrech stattfonnt.
Dësen obligaten Evenement ass eng Geleeënheet fir d'Arméi, op d'Aktivitéiten an Ereegnesser vun 2019 zeréckzeblécken.
Wärend der Präisiwwerreechungszeremonie goufen Athleten, Gewënner vun interne Competitiounen, souwéi d'Gewënner vun de Militärweltmeeschterschaften ausgezeechent. D'Arméi huet an deem Kader och een Don un dräi Associatioune gemaach: un d'Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse, Kannerwonsch a.s.b.l a Wäertvoll Liewen a.s.b.l.
Communiqué vum État major vun der Arméi