Elo gratis ze bestellen: Landkaart mat lëtzebuergeschen a franséischen Uertsnimm

Ëlwen / Troisvierges, Gehaansbierg / Mont Saint Jean, Larochette / Fiels ...: Dacks ginn et zwee verschidden Nimm fir déi selwecht Lokalitéit. Fir et de Kanner a Jugendleche méi einfach ze maachen, den offiziellen, meeschtens franséischen Numm mat dem lëtzebuergeschen Numm ze associéieren, huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Landkaart mat den Nimm vun den Uertschaften an de Flëss a béide Sproochen erausbruecht an un all Grondschoulen a Lyceeë geschéckt.

Dës zweesproocheg Landkaart ass natierlech och fir Erwuessener nëtzlech. Si kann dofir vu jidder Interesséierten am A2-Format gratis beim Ministère bestallt ginn. 

Déi lëtzebuergesch Uertsnimm goufen vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, CPLL) festgehalen. Op cpll.lu fënnt een ausserdeem eng Lëscht mat den uechter d’Land geleefegen Nimm, déi op der Kaart publizéiert goufen,  a mat deenen Nimm, déi eventuell éischter an den Uertschafte selwer benotzt ginn.

Communiqué par le ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Aktualiséiert