-
Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 6. bis de 12. Februar 2023
De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)
-
Konferenz: Wat wäerte mir muer iessen ?
Den 10. Mäerz 2023 organiséiert de Ministère fir Konsumenteschutz, zesummen mam Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung eng Konferenz zum Thema Ernierung: "Konferenz: Wat wäerte mir muer iessen ? D'Defien vun der Liewensmëttelproduktioun am Kader vun engem Konsum am Wandel".
-
Asaz vun engem Lëtzebuerger Expert am Kader vum EU-Zivilschutz-Mechanismus an der Tierkei
D'Inneministesch Taina Bofferding confirméiert, datt ee Logistikexpert designéiert gouf fir déi europäesch Hëllefsefforten am Äerdbiewegebitt an der Tierkei z'ënnerstëtzen, nodeems d'Tierkei iwwer den EU-Zivilschutz-Mechanismus (UCPM) no Hëllef gefrot huet.
-
Bilan Autofestival 2023
Am Kader vum Autosfestival hunn d’Beamten vum Ministère fir Konsumenteschutz Kontrollen bei den Autoshändler uechter dat ganzt Land gemaach.
-
Upassung vun de soziale Parameteren op den 1. Februar 2023
Nom Ausléise vun der Indextranche, déi duerch d'Publikatioun vun den Indexresultater fir de Mount Januar 2023 confirméiert gouf, an no der mensueller Sëtzung vun der Indexkommissioun den 10. Februar 2023, goufen déi sozial Parametere réckwierkend op den 1. Februar 2023 ugepasst.
-
100 Gemengen: eng honnertjäreg Entwécklung vun de Lëtzebuerger Gemengen
Den 8. Februar 2023 huet d'Chamber eestëmmeg déi 1. Ofstëmmung iwwer déi béid Gesetzesprojete fir d'Fusioun vun de Gemenge Groussbus-Wal an Bous-Waldbriedemes ugehol.
-
Héicht vum soziale Mindestloun ab dem 1. Februar 2023
Entspriechend dem Artikel L. 223-1 vum Code de travail gëtt den Taux vum soziale Mindestloun (op de Mount gerechent) ab dem 1. Februar 2023 un d'"Cote d'application" 898,93 vum ponderéierten Index vun de Liewenskäschten ugepasst.
-
Humanitär Reaktioun vu Lëtzebuerg op d'Äerdbiewen an der Tierkei a Syrien
Am Hibléck op d'Dimensioun vun den humanitäre Besoinen no den dramateschen Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien de 6. Februar 2023, wäert déi Lëtzebuerger Kooperatioun an enger 1. Phas bal 1 Millioun Euro iwwer verschidde Partner un béid betraffene Länner bereetstelle fir dës bei hiren humanitäre Moossnamen z'ënnerstëtzen.
-
Asaz vun engem weidere Member vum "Humanitarian Intervention Team" vum CGDIS am Katastrophegebitt an der Tierkei
Haut mécht sech e weidere Member vum "Humanitarian Intervention Team" (HIT) vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS), een Expert fir Logistik, am Kader vun enger humanitärer Missioun op de Wee an d'Äerdbiewegebitt an d'Tierkei.
-
D'Ministere Lex Delles a Joëlle Welfring hunn d'Labelen "EcoLabel" a "bed+bike" iwwerreecht
De 9. Februar 2023 hunn de Minister fir Tourismus, Lex Delles, an d'Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Joëlle Welfring, d'Labelen "EcoLabel" a "bed+bike" iwwerreecht.
-
Virstellung vum "Lëtzebuerg lieft Sport - Mindmap": 50 konkreet Iddie fir d'Promotioun vu Sport a Beweegung op Gemengenniveau
Den 9. Februar 2023 hunn de Sportsminister Georges Engel an d'Inneministesch Taina Bofferding d'"Lëtzebuerg lieft Sport – Mindmap" virgestallt, ee Katalog mat 50 Beispiller vu gudder Praxis, den déi Responsabel an de Gemengen dozou ureege soll, Sport a kierperlech Aktivitéiten op Gemengenniveau ze fërderen.
-
Lëtzebuerg an Dänemark hunn een Ofkommes iwwert d'Zesummenaarbecht bei der Beschleunegung vun der Energietransitioun decidéiert
Mëttwoch, den 8. Februar 2023, huet d'Chamber ee Gesetzesentworf zur Ratifizéierung vum Traité tëscht dem Groussherzogtum Lëtzebuerg an dem Kinnekräich Dänemark iwwer ee statisteschen Transfert vun Energie aus erneierbare Sourcë fir d'Erreeche vun den an der EU-Direktiv 2018/2022 festgeluechten Ziler.
-
De Claude Haagen huet déi zukünfteg "Cité de la sécurité sociale" besicht
Den 8. Februar 2023 huet de Minister fir sozial Sécherheet, Claude Haagen, a Begleedung vum President vum Fonds de compensation commun au régime général de pension (FDC), dem Alain Reuter, déi zukünfteg "Cité de la sécurité sociale" besicht. D'Gebai gouf vum FDC gebaut a bleift och an hirem Besëtz.
-
Lancement vun den Eltereforen: Eng Plaz fir Informatioun, Austausch an Ënnerstëtzung
Den 8. Februar 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op enger Pressekonferenz a Clausen d'Elterefore an d'Liewe geruff.
-
D'Chamber huet de Gesetzesprojet iwwer d'Integratioun vu Konschtwierker an ëffentleche Gebaier ugeholl
Den 8. Februar 2023 huet d'Chamber iwwer de Gesetzesprojet Nr. 7963 iwwer d'Integratioun vu Konschtwierker an ëffentleche Gebaier ofgestëmmt.
- Éischt Säit
- ...
- 16
- 17
- 18
- 19
- 20
- ...
- Lescht Säit