All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1110 Resultater
  1. De 25. Januar 2023, hunn d'Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer an de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds national de la recherche (FNR) an offizielle Vertrieder vu Research Luxembourg, eng Konventioun fir déi zweet Editioun vun der Sensibiliséierungscampagne "Women and Girls in Research" ënnerschriwwen.

  2. De 25. Januar 2023 hunn de Lex Delles, Minister fir Mëttelstand, de Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, an d'Carole Muller, Presidentin vun der Confédération luxembourgeoise du commerce, de "Pakt Pro Commerce 2023" virgestallt.

  3. D'Bäihëllef fir nei Forme vu kultureller Mediatioun vum Kulturministère ass en neien Hëllefsmechanismus fir Auteuren, Kritikerinnen a Kritiker oder Kolumnistinnen a Kolumnisten am kulturelle Beräich, déi en onofhängege Forum, Blog, Vlog oder Podcast fir d'Publikatioun, d'Begleedung oder d'Kritik vun der Aktualitéit vun der artistescher a kultureller Zeen hei zu Lëtzebuerg bedreiwen.

  4. Den 23. Januar 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op enger Pressekonferenz a Clausen d'Evaluatioun vun der schoulescher Inklusioun zu Lëtzebuerg presentéiert.

  5. Nodeems d'lescht Woch annoncéiert gouf, datt dem Enzo d'Alò säi Film Greyhound of a Girl, eng Koproduktioun vu Paul Thiltges Disributions, fir d'Sektioun Generation Kplus ausgewielt gouf, ass de Lëtzebuerger Kino dëst Joer mat 3 Filmer an der offizieller Selektioun bei der Berlinale (16.-26. Februar) vertrueden.

  6. Den 20. Januar 2023 huet de Regierungsrot den Avant-Projet fir d'groussherzoglecht Reglement iwwer d'Nomenclature vun de medezineschen Akten a Servicer déi vun der Krankeversécherung iwwerholl gi guttgeheescht, fir esou de Programm vun der Preventivmedezin an dem allgemengen Zougang zu Verhütungsmëttelen op nationalem Plang ëmzesetzen.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 15
  4. 16
  5. 17
  6. 18
  7. 19
  8. ...
  9. Lescht Säit