All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1113 Resultater
  1. D'Tripartite-Ofkommes vum 28. September 2022 gesäit d'Ofschafe vum Akkont fir d'sozial Laaschten op den 1. Januar 2023 fir. Duerch dës Moossnam soll de Versement vun de Cotisatioune besser opgedeelt ginn an Employeuren an Independanten kënne besser finanziell ënnerstëtzt ginn.

  2. Nei gesetzlech Reegelen a Virschrëften, déi de Bierger direkt betreffen, wäerten 2023 a Kraaft trieden. Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen déi en direkten Afloss op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg.

  3. De Ministère fir Konsumenteschutz huet e Guide publizéiert, dee sech speziell u Professioneller riicht. En erkläert, Theema fir Theema, andeems e probéiert, eng puer juristesch Sprooch ze vermeiden, d'Verflichtunge vun de Professionellen, déi am Code de la consommation opgelëscht sinn. De Guide, deen an 3 Sprooche verfügbar ass, kann och op der Internetsäit vum Ministère consultéiert ginn.

  4. Am Grand-Duché sinn d'Stéit fir 75% vun der Quantitéit un Liewensmëttel déi ewechgehäit gi responsabel. Fir d'Ëffentlechkeet dozou ze animéiere manner ze verbëtzen, besonnesch elo wärend de Feierdeeg ronderëm Chrëscht- a Neijoerschdag, huet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ab dem 13. Dezember 2022, eng Sensibiliséierungscampagne relancéiert.

  5. En Dënschdeg den 13. Dezember 2022 gouf de nationale Literaturpräis 2022 un d'Gewënner/innen duerch d'Kulturministesch Sam Tanson iwwerreecht. D'Feier huet am nationale Literaturzentrum zu Miersch stattfonnt.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 17
  4. 18
  5. 19
  6. 20
  7. 21
  8. ...
  9. Lescht Säit