Lëtzebuerg an Dänemark hunn een Ofkommes iwwert d'Zesummenaarbecht bei der Beschleunegung vun der Energietransitioun decidéiert

Mëttwoch, den 8. Februar 2023, huet d'Chamber ee Gesetzesentworf zur Ratifizéierung vum Traité tëscht dem Groussherzogtum Lëtzebuerg an dem Kinnekräich Dänemark iwwer ee statisteschen Transfert vun Energie aus erneierbare Sourcë fir d'Erreeche vun den an der EU-Direktiv 2018/2022 festgeluechten Ziler.

  1. ©MEA

    (de g. à dr.) Dan Jørgensen, ministre du Climat, de l'Énergie et de l'Approvisionnement du royaume de Danemark ; Claude Turmes, ministre de l'Énergie

    (de g. à dr.) Dan Jørgensen, ministre du Climat, de l'Énergie et de l'Approvisionnement du royaume de Danemark ; Claude Turmes, ministre de l'Énergie

  2. ©Danish Ministry of Climate, Energy and Utilities

    Illustration

    Illustration

Dëse kumulativen Accord tëschent 33,12 Mio. EUR an 66,24 Mio. EUR (entspriechend dem järleche Bedarf u Statistiken iwwer erneierbar Energien zu Lëtzebuerg) fir den Zäitraum 2021-2025 erméiglecht et, déi un Dänemark iwwerwise Beträg an nei Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energien z'investéieren, wéi z.B. d'Finanzéierung vun de geplangten Energieinselen an der Nordséi, awer och an aner Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energien, wéi z.B. d'Entwécklung vun Offshore-Wandenergieanlagen oder vu gréngem Waasserstoff.

Dësen Accord ass d'Suite vun der Signature vun engem Memorandum of Understanding iwwer d'Zesummenaarbecht am Beräich vun den erneierbaren Energien tëschent dem Lëtzebuerger Minister fir Energie Claude Turmes an dem dänesche Minister fir Klima, Energie a Versuergung Dan Jørgensen den 10. Juni 2021. Säitdeem hu reegelméisseg Gespréicher stattfonnt, fir déi geplangten Zesummenaarbecht tëscht béide Länner ze konkretiséieren.

E Mechanismus fir den Transfert vu statisteschen Donnéeën zur Ergänzung vun der nationaler Strategie zur Beschleunegung vun der Entwécklung vun erneierbaren Energien

D'Erneierbar-Energien-Richtlinn (RED) vun der EU erlaabt et de Memberstaaten, statistesch Transfertsaccorden ofzeschléissen, ee Mechanismus, deen et erméiglecht, gewësse Quantitéiten un erneierbar Energië vun engem Land op een aner z'iwwerdroen, fir déi national Ziler fir erneierbar Energien z'erreechen. De Mechanismus gesäit kee physeschen Energietransfert vir, mee nëmmen den Transfert vu statisteschen Donnéeën.

Gréng Energie, déi an Dänemark produzéiert gëtt - engem Land mat engem héije Potenzial fir erneierbar Energien, dat säin nationaalt Zil iwwertraff huet - gëtt soumat zu Lëtzebuerg ugerechent - engem Land, datt opgrond vu senger Gréisst an der Tatsaach, datt et sech ëm e Banneland handelt, nëmmen iwwer e begrenzt Potenzial fir den Ausbau vun erneierbaren Energien op eenheemeschen Territoire verfüügt.

De Minister fir Energie Claude Turmes begréisst dëst: "Ech freeë mech, datt Lëtzebuerg als Banneland ee finanzielle Bäitrag leeschte kann, fir d'Entwécklung vun den erneierbaren Energien an der Nordséi ze beschleunegen. Dës Kooperatioun mat Dänemark soll déi national Strategie zur Ëmsetzung vu Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energië komplettéieren".

Communiqué vum Ministère fir Energie a Landesplanung

Aktualiséiert