Héicht vum soziale Mindestloun ab dem 1. Februar 2023

Entspriechend dem Artikel L. 223-1 vum Code de travail gëtt den Taux vum soziale Mindestloun (op de Mount gerechent) ab dem 1. Februar 2023 un d'"Cote d'application" 898,93 vum ponderéierten Index vun de Liewenskäschten ugepasst.

D'Héicht vum soziale Mindestloun, entspriechend der d'"Cote d'application" 898,93 vun der mobiller Lounskala, ass ab dësem Datum folgendermoosse festgeluecht:

(272,22 beim Index 100)

 

Alter

Taux pro Mount

Taux pro Stonn

ab 18 Joer

2.387,40

13,8000

tëschent 17 an 18 Joer

1.909,92

11,0400

tëschent 15 an 17 Joer

1.790,55

10,3500

 

De Niveau vum qualifizéierte Mindestloun entspriechend dem Artikel L. 222-4 vum Code du travail läit ab dem 1. Januar 2023 bei 2.864,88 € pro Mount.

Communiqué vum Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft

Aktualiséiert