Asaz vun engem Lëtzebuerger Expert am Kader vum EU-Zivilschutz-Mechanismus an der Tierkei

Am Kader vun der Hëllefsufro vun der Tierkei iwwer den EU-Zivilschutz-Mechanismus (UCPM), deen et der Europäescher Kommissioun erméiglecht, déi agesaten Hëllefsekippen an d'Liwwerung vu wichtegen Hëllefsgidder fir déi tierkesch a syresch Zivilbevëlkerung ze koordinéieren, huet d'Inneministesch Taina Bofferding confirméiert, datt ee Logistikexpert designéiert gouf fir déi europäesch Hëllefsefforten am Äerdbiewegebitt an der Tierkei z'ënnerstëtzen. 

©MINT (v.l.n.r.) Yves Legil, CGDIS ; Tom Barnig, CGDIS ; Brice Tavernier, Member vum HIT ; Alain Becker, Inneministère ; Paul Schroeder, CGDIS
(v.l.n.r.) Yves Legil, CGDIS ; Tom Barnig, CGDIS ; Brice Tavernier, Member vum HIT ; Alain Becker, Inneministère ; Paul Schroeder, CGDIS

Ganz am Sënn vun der europäescher Solidaritéit, ergänzt dësen Expert déi Lëtzebuerger Hëllefsmoossnamen, mat deene schonn zwee Memberen vum Humanitarian Intervention Team − HIT vum CGDIS (Corps grand-ducal d'incendie et de secours) an d'Katastrophegebitt geschéckt goufen.

Mam Asaz vum Logistikexpert dréit Lëtzebuerg zu den europäeschen Hëllefsefforten bäi an dat um Niveau vun der logistescher Gestioun a Koordinatioun vun den Ekippen, Hëllefen an Hëllefsgidder an der Tierkei.

D'Direktioun vun der ziviller Sécherheet vum Inneministère, an Zesummenaarbecht mam CGDIS an dem Gesondheetsministère, koordinéiert d'Hëllefsufro an déi entspriechend Äntwert dorop iwwert den 112, den direkte Kontakt vum Centre de coordination de la réaction d'urgence (ERCC) a gläichzäiteg de System iwwert deen d'Hëllefsdemandë vum Katastropheschutz-Mechanismus vun der EU agereecht ginn.

Communiqué vum Inneministère / Direktioun vun der ziviller Sécherheet / Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS)

Aktualiséiert