Humanitär Reaktioun vu Lëtzebuerg op d'Äerdbiewen an der Tierkei a Syrien

Am Hibléck op d'Dimensioun vun den humanitäre Besoinen no den dramateschen Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien de 6. Februar 2023, wäert déi Lëtzebuerger Kooperatioun an enger 1. Phas bal 1 Millioun Euro iwwer verschidde Partner un béid betraffene Länner bereetstelle fir dës bei hiren humanitäre Moossnamen z'ënnerstëtzen.

An deem Kader bereet d'Direktioun vun der Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten vum Aussen- an Europaministère aktuell e finanzielle Bäitrag an Héicht vu 500.000 EUR iwwer d'"International Federation of Red Cross and Red Crescent Societies" (IFRC) vir. Mat de vun der IFRC geréierte Mëttel solle besonnesch d'Beméiunge vum "Turkish Red Crescent" a vum "Syrian Arab Red Crescent" am Kader vun hiren humanitären Hëllefsmoossnamen nom Äerdbiewen ënnerstëtzt ginn an de betraffene Mënschen a béide Länner gehollef ginn. Doriwwer eraus ënnerstëtzt Lëtzebuerg järlech den "Disaster Response Emergency Fund" (DREF) vun der IFRC, deen als Reaktioun op d'Katastroph schonns 3 Millioune Schwäizer Franken zur Verfügung gestallt huet.

An dësem Kader gesäit d'Lëtzebuerger Kooperatioun och d'Ënnerstëtzung vu verschiddene Lëtzebuerger humanitären ONGe vir, fir dës bei hire Beméiungen z'ënnerstëtzen, op déi dréngendst Besoinen vun de vun den Äerdbiewen betraffene Populatiounen ze reagéieren. Esou hunn Handicap International Luxembourg, Care in Luxembourg an d'Fondation Caritas Luxembourg schonn ugekënnegt, Proposë fir Nouthëllefprojeten anzereechen.

Mat sengem järleche Bäitrag un den "Central Emergency Response Fund" (CERF), dee 5 Milliounen Euro fir d'Joer 2023 virgesäit, bedeelegt sech Lëtzebuerg och un de Beméiunge vun der internationaler Communautéit, de Vereenten Natiounen z'erlaben, sécherzestellen, datt déi humanitär Hëllef déi Betraffen sou séier wéi méiglech erreecht. Fir d'Tierkei a Syrien hunn d'Vereenten Natiounen iwwer de CERF 25 Milliounen USD am Kader vun der humanitärer Hëllef annoncéiert.

Nieft dem Bereetstelle vun engem éischte Gerät vun der mobiller Satellittenkommunikatiounsplattform "emergeny.lu" an der Provënz Hatay an der Tierkei gouf een 2. Gerät vun de belsche B-FAST-Ekippen (Belgian First Aid and Support Team) zur Verfügung gestallt.

Ofschléissend ass Lëtzebuerg prett fir bei Bedarf a Koordinatioun mam "World Food Programme", deem Leader vum Notkommunikatiounssecteur vun de Vereente Natiounen, zousätzlech Systemer z'installéieren.

Communiqué vum Aussen- an Europaministère a vun der Direktioun vun der Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten

Aktualiséiert