Berlinale 2023: 3 Lëtzebuerger Koproduktiounen an der offizieller Selektioun

Nodeems d'lescht Woch annoncéiert gouf, datt dem Enzo d'Alò säi Film Greyhound of a Girl, eng Koproduktioun vu Paul Thiltges Distributions, an d'Sektioun Generation Kplus gewielt gouf, ass de Lëtzebuerger Kino dëst Joer mat 3 Filmer an der offizieller Selektioun bei der Berlinale (16.-26. Februar) vertrueden.

Dës sinn:

a) déi éisträichesch-lëtzebuergesch-däitsch-schwäizer Koproduktioun Ingeborg Bachmann  - Reise in die Wüste (Ingeborg Bachmann - Journey to the Desert)  vum Margarethe von Trotta (AMOUR FOU Luxembourg Bady Minck an Alexander Dumreicher-Ivanceanu) mam Vicky Krieps an der Roll vun der éisträichescher Schrëftstellerin Ingeborg Bachmann (1926-1973). De Film gëtt an der offizieller Kompetitioun an als Weltpremière gewisen.

An dësem Film sinn och verschidden aner Lëtzebuerger Schauspiller*innen ze gesinn (Niewerollen a kléng Rollen), wéi de Marc Limpach, de Nickel Bösenberg, d'Elisabeth Chuffart an d'Tessy Strotz. D'Originalmusek ass e Wierk vum Lëtzebuerger Komponist André Mergenthaler, d'Kostümer si vum Uli Simon, d'Beliichtung vum Helder da Silva, Tounschnëtt vum Jacques Kieffer an Tounmëschung vum Michel Schillings (Philophon); Den André Fetzer ass de Line producer an d'Karoline Maes ass d'Directrice vun der Produktioun.

b) den Animatiounsfilm The Siren (d'Mierjongfra), eng Koproduktioun tëschent Lëtzebuerg (BAC Cinema - David Grumbach), Frankräich, Däitschland an der Belsch an eng Realisatioun vun der Iranerin Sepideh Farsi. De Film mécht d'Ouverture vun der Sektioun Panorama fir déi hien och ausgewielt gouf.

Den Design, de Layout, den Dekor, d'Animatioun, de Compositing an d'Spezialeffekter goufen zu Lëtzebuerg am Studio Picture Factory vun der Fabrique d'Images realiséiert. De Schnatt, d'Geräischer an d'Mëschung goufe vum Studio Philophon an den Etalonnage vun Espera Productions gemaach.

Déi 3 Filmer an der Selektioun fir d'Berlinale 2023 goufe vum Film Fund Luxembourg ënnerstëtzt.

Communiqué vum Film Fund Luxembourg

Aktualiséiert