"The red suitcase" vum Lëtzebuerger Cyrus Neshvad ass fir d'Oscaren nominéiert

D'Akademie vun den Oscaren huet déi leschte 5 Filmer bekannt ginn, déi fir déi wäertvoll gëlle Statue nominéiert sinn

©Cynefilms Nawelle Evad, Haaptduerstellerin vum Film
Nawelle Evad, Haaptduerstellerin vum Film

"The red suitcase" (Déi rout Waliss) ass e Film, dee vum Lëtzebuerger Cyrus Neshvad (Cynefilms) realiséiert a produzéiert an an der Kategorie beschte Live Action Kuerzfilm (Best Live Action Short Film) nominéiert gouf.

De Film gouf 2021 bannent 6 Deeg ausschliisslech um Findel gedréit a vun der Lëtzebuerger Societéit "Cynefilms" zu Lëtzebuerg produzéiert.

De Cyrus Neshvad ass iwwerglécklech iwwer seng Nominatioun: "Meng Gedanken si bei den iranesche Fraen, déi am Moment fir hir Rechter an hir Fräiheet kämpfen. Ech hoffen, datt ech mat mengem Kuerzfilm déi ganz Welt fir hiert Uleies sensibiliséiere kann."

Den 12. Mäerz ginn zu Hollywood bei der 95. Oscar-Zeremonie déi beschte Wierker aus der Filmkonscht belount.

De Kuerzfilm The Red Suitcase gëtt am Mäerz 2023 wärend dem nächste Luxembourg City Film Festival gewisen.

Nieft dem "Red Suitcase", huet de Cyrus Neshvad nach 5 aner Kuerzfilmer gedréit, dorënner "Fils" a "Portraitiste", déi vill international Präisser gewonnen hunn, an och de Lëtzebuerger Filmpräis fir de beschte Kuerzfilm 2018 (Fils) an 2021 (Portraitiste).

Zurzäit bereet hie säin éischte Spillfilm "Le refuge" ("Den Ënnerdaach") vir, deen deemnächst gedréit wäert ginn.

Communiqué vum Film Fong Lëtzebuerg

Aktualiséiert