Virstellung vum Drénkwaassergesetz

Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Joëlle Welfring, d'Waasserverwaltung (AGE), de Syvicol (Syndicat des villes et communes luxembourgeoises) an d'Association luxembourgeoise des services d'eau (Aluseau) hunn haut op hir Pressekonferenz "Virstellung vum neien Drénkwaassergesetz" invitéiert. Am Kader vun dëser Pressekonferenz, gouf d'Gesetz vum 23. Dezember 2022 iwwer d'Qualitéit vum Waasser fir de mënschleche Konsum a wat dat ofgeännert Waassergesetz vum 19. Dezember 2008 ofännert, virgestallt.

  1. ©MECDD

    Joëlle Welfring. Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung

    Joëlle Welfring. Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung

  2. ©MECDD

    (v. l.n. r.) Tom Uri, Affekot MECDD ; André Weidenhaupt, éischte Conseiller MECDD ; Emile Eicher, President vum Syvicol ; Joëlle Welfring, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung; Tom Schaul, Conseiller MECDD ; Georges Kraus, President vun Aluseau ; Jean-Paul Lickes, President vun der AGE ; Brigitte Lambert, AGE

    (v. l.n. r.) Tom Uri, Affekot MECDD ; André Weidenhaupt, éischte Conseiller MECDD ; Emile Eicher, President vum Syvicol ; Joëlle Welfring, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung; Tom Schaul, Conseiller MECDD ; Georges Kraus, President vun Aluseau ; Jean-Paul Lickes, President vun der AGE ; Brigitte Lambert, AGE

  3. ©MECDD

    Illustratioun

    Illustratioun

An hirer Aleedung huet d'Ministesch Joëlle Welfring den historesche Kontext vum Drénkwaassergesetz, grad esou wéi seng allgemeng Struktur erkläert. Den Tom Schaul, Conseiller um Ministère fir Ëmwelt, huet duerno d'Gesetz an allen Eenzelheete virgestallt. Den Emile Eicher, President vum Syvicol, huet d'Roll an déi besonnesch Verantwortung vun de Gemengen a punkto Drénkwaasserversuergung ervirgehuewen. D'Waassergesetz vun 2008 gesäit nämlech vir, datt d'Gemenge verantwortlech fir d'Verdeelung vum Drénkwaasser sinn. D'Privatisatioun vum Drénkwaasser ass deemno laut lëtzebuergescher Gesetzgebung verbueden. An dëser Hisiicht setzt sech de Syvicol fir eng gréisser Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen an de Gemengesyndikater an. Den Här Georges Kraus, President vun der Aluseau, huet duerno dës Meenung och gedeelt, an un déi wichteg Roll vun der Aluseau erënnert, déi doranner besteet d'Ëmsetzung an dat technescht Verständnis vum Drénkwaassergesetz duerch d'Gemengen ze erliichteren.

Drénkwaasser zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg besteet d'Drénkwaasser zur Hallschent aus Grondwaasser an zur Hallschent aus Uewerflächewaasser (Stauséi). De reegelméissege Konsum vun Drénkwaasser huet sech an deene leschte 15 Joer zu Lëtzebuerg verduebelt. Drénkwaasser gëtt deemno ëmmer méi als ee lokaalt an zouverlässegt Liewensmëttel ugesinn. Bei engem Konformitéitstaux vun iwwer 99% bei den Drénkwaasseranalysen, ass dëst Vertrauen duerchaus berechtegt.

Fir eng sécher Drénkwaasserversuergung ze garantéieren, huet sech d'Regierung eng Strategie fir eng laangfristeg Sécherung vun der Drénkwaasserversuergung gesat. Dës Strategie baséiert op 3 Pilieren, déi zesummenhänken:

  • De Schutz vun de bestoende Ressourcen
  • D’Waasserspueren
  • D’Erschléissung vun néie Ressourcen

Firwat eng Gesetzesännerung?

De klammenden Interessi u propperem Drénkwaasser weist sech net nëmmen duerch e méi grousse Konsum, mee och duerch den Erfolleg vun der Initiative right2water. 2013 huet dës 1,8 Milliounen Ënnerschrëfte gesammelt. An dëser Initiativ geet et ënner anerem ëm e besseren Accès zu Drénkwaasser - fir jiddereen. Opgrond vum grousse Succès vun dëser Initiative huet déi europäesch Kommissioun decidéiert d'Drénkwaasserdirektiv vun 1998 ze iwwerschaffen. D'Zil vun der neier Versioun vun der Drénkwaasserdirektiv ass et esouwuel "d'Recht vum Waasser", ewéi och "d'Recht op Waasser" ze verbesseren. Déi nei Versioun vun der Drénkwaasserdirektiv soll bis den 12. Januar 2023 an der ganzer europäescher Unioun ëmgesat ginn. Lëtzebuerg läit domadder an den Delaien, déi festgeluecht goufen, wann ee bedenkt, datt de neie Gesetzestext den 1. Januar 2023 a Kraaft getrueden ass.

Mat den Upassungen, déi mir haut virgestallt hunn, gouf dës europäesch Direktiv an déi Lëtzebuerger Gesetzgebung integréiert.

Wat sinn d'Haaptelementer vum neien Drénkwaassergesetz?

Dat neit Gesetz ersetzt dat groussherzoglecht Reglement vum 7. Oktober 2002 wat bis dato d’Drénkwaasserqualitéit gereegelt huet. Eng ganz Rei Punkte vun deem Reglement, notamment d’Parameteren déi d’Drénkwaasserqualitéit definéieren, wäerte bestoe bleiwen.

D'Haaptneierungen sinn déi Folgend:

  • Aktualiséierung vun de Qualitéitsnormen
  • Aféierung vun enger risikobaséierter Approche
  • Reglementatioun vun de Materialien, déi a Kontakt mam Waasser kommen
  • Verbessere vum Zougang zum Waasser
  • D'Ëffentlechkeet besser informéieren
  • System vun effektiven, adequaten, an ofschreckende Sanktiounen

Wat sinn déi wichtegst Echeance vum neie Gesetz?

"Ech sinn immens houfreg kënnen ze soen, dass mir zu Lëtzebuerg eng Virreiderroll anhuelen, well mir elo  scho vill Mesuren  ëmgesat hunn déi déi europäesch Direktiv eréischt fir an de kommende  Jore virgesinn huet.", ënnersträicht d'Ministesch Joëlle Welfring.

Déi europäesch Direktiv gesäit eng Rei un Delaie vir. Lëtzebuerg huet awer méi héich Ambitiounen an huet sech als Prioritéit ginn dës Ziler esou séier wéi méiglech ze erreechen. Esou gouf d'Gestioun vun de Risiken an den Drénkwaasserzonen an de Versuergungszonen ("Water Safety Plan") elo schonn ëmgesat. Vun dësem Joer un belount de Label Drëpsi Waasserliwweranten, déi aussergewéinlech Leeschtunge virweise konnten.

1. Januar 2023:

  • Dat neit Gesetz trëtt a Kraaft.

2024:

  • Éischt Evaluatioun vun de Fuitten an den Drénkwaasserreseauen.
  • Éischt Lëscht vun Materialien, déi am Kontakt mam Drénkwaasser kenne verwent ginn.

12.01.206:

  • Aktualiséierung vun de Qualitéitsnormen.

12.07.2027

  • Risikoanalyse ginn an den Drénkwaasserschutzzonen duerchgefouert.

01.01.202

  • Op ëffentleche Plaze ginn Drénkwaasserspenderen installéiert
  • An ëffentleche Gebaier a Verwaltunge gëtt Drénkwaasser verdeelt.

12.01.20209:

  • An den ëffentlechen Drénkwaasserreseaue gi Risikoanalysen duerchgefouert.
  • An den Hausreseau gi Risikoanalysen duerchgefouert.

Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, der Waasserverwaltung, dem Syvicol (Syndicat des villes et communes luxembourgeoises) an der Association luxembourgeoise des services d'eau (Aluseau)

Aktualiséiert