Resultater vun der ëffentlecher Campagne ECO2050 déi vu Luxembourg Stratégie duerchgefouert gouf, iwwer "Zukunftszenarien an déi entspriechend strategesch Visioun fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft bis 2050".

Déi ëffentlech Campagne, déi vu Luxembourg Stratégie, der Direktioun fir strategesch Zukunftsforschung vum Wirtschaftsministère, am Kader vun der Entwécklung vun Zenarien iwwer méiglech Zukunften an d'Ausschaffe vun enger entspriechender strategescher Visioun fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft bis 2050 duerchgefouert gouf, ass e Méinden, de 16. Januar 2023 mat enger zweeter Biergerdebatt mam Wirtschaftsminister Franz Fayot op en Enn gaangen.

  1. ©LuxembourgStratégie

    (v. l .n. r.) Pascale Junker, Direktesch vu Luxembourg Stratégie, Franz Fayot, Wirtschaftsminister

    (v. l .n. r.) Pascale Junker, Direktesch vu Luxembourg Stratégie, Franz Fayot, Wirtschaftsminister

  2. ©LuxembourgStratégie

    Biergerdebatt

    Biergerdebatt

  3. ©LuxembourgStratégie

    Biergerdebatt

    Biergerdebatt

  4. ©LuxembourgStratégie

    Biergerdebatt

    Biergerdebatt

  5. ©LuxembourgStratégie

    Gruppefoto - Participanten

    Gruppefoto - Participanten

  6. ©LuxembourgStratégie

    Biergerdebatt

    Biergerdebatt

Dës Campagne, déi offiziell freides, den 2. Dezember 2022, um Unesco World Futures Day lancéiert ginn ass, bitt allen interesséierte Bierger d'Méiglechkeet, iwwer eng Online-Ëmfro hir Meenung zu den Zukunftszenarien an der entspriechender strategescher Visioun ze äusseren, déi dozou bäidroe sollen déi national Wirtschaft bis 2050 méi kompetitiv, méi widderstandsfäeg a méi inklusiv ze maachen, onofhängeg dovunner wéi eng Zukunft effektiv antriede wäert. Et goufen iwwer 600 Froebéi erageschéckt an eng 60 Persounen haten d'Méiglechkeet, wärend zwee Treffe mam Franz Fayot mëndlech iwwer dëst d'Theema ze diskutéieren.

Aus dëser ëffentlecher Ëmfro goung ervir, datt d'Lëtzebuerger Wirtschaft den Zenario vum "sozio-ekonomesche Schlofwandelen" (30% vun den Äntwerten) grad esou gutt meeschtere kéint, wéi dee vum "techno-digitalen Optimismus" (30%) - géintiwwer 14% fir den Zenario "bio-regionale Kreeslaf". E Véierel vun de Befroten ass dogéint der Meenung, datt déi national Wirtschaft net gutt genuch opgestallt ass, fir sämtlech dräi Zenarien ze meeschteren. Déi Befroten hunn d'Zenarien "sozio-ekonomescht Schlofwandelen" an "techno-digitalen Optimismus" am realisteschste fonnt. Och wann den Zenario "bio-regionale Kreeslaf" als am mannste realistesch schéngt, esou ass et dach deen, dee vun der Majoritéit als am wënschenswäertste fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft guttgeheescht gëtt: 71% wënsche sech, datt e bis 2050 antrëtt (19% fir den Zenario "techno-digitalen Optimismus"), wat am Géigenzuch dozou e relativ breede Refus vum Status quo ënnersträicht, deen duerch d'"sozio-ekonomescht Schlofwandelen" duergestallt gëtt. Et ass och den Zenario "bio-regionale Kreeslaf", deen als deen Zenario ugeholl gëtt, deen déi biophysikalesch Grenzen (fir 86% vun de Befroten) an déi sozial Bedürfnisser (fir 70% vun de Befroten) am meeschte respektéiert.

Zu den Haaptbedrounge fir déi national Wirtschaft, zielen d'Veraarmung déi ëmmer méi grouss gëtt an och déi grouss Efforten, déi en vue vu Klimaëmstellunge musse gemaach ginn (esou wuel wat d'Ännerung vun de Gewunnechten an och Investitiounen ugeet). Interessanterweis sinn och verschidde Bedrounge bei de Perspektiven ze fannen (Bildung, Ännerung vum Liewensstil oder Investitiounen). Méi grondleeënd Ängschte goufen och ëfters uginn (déi vun enger Liewensmëttelknappheet oder de Risk Lëtzebuerg verloossen ze mussen). Jidderee gesäit awer Grënn fir ze handelen a sech ze engagéieren, an op d'Fro wéi eng Beruffer fir d'Zukunft am villverspriechendste sinn, stinn Tätegkeeten am Zesummenhang mat Technologie (vun der Informatik bis zum Handwierk) an der Gesondheet un éischter Plaz.

Weider Eenzelheete fannt Dir um Site vun Luxembourg Stratégie. D'Ekipp vun Luxembourg Stratégie seet all de Befroten fir hir Participatioun un der Campagne an hir wäertvoll Bäiträg Merci.

Fir de Projet ECO2050 ofzeschléissen, ginn déi dräi Zenarien an déi endgülteg ekonomesch Visioun, dënschdes, den 28. Mäerz 2023 vun 9.30 bis 12.30 Auer am groussen Auditoire vun der Maison du savoir (2, avenue de l'Université, L - 4365 Esch-Uelzecht) ëffentlech virgestallt. D'Eenzelheete vum Event gi reegelméisseg aktualiséiert.

Communiqué vum Wirtschaftsministère / Luxembourg Stratégie

Aktualiséiert