Administrativ Vereinfachung am Mëttelpunkt vum éischten "Simplify Day" vum Ministère fir Digitaliséierung

Den 19. Januar 2023 huet de Ministère fir Digitaliséierung d'Staatsbeamten op säin éischten "Simplify Day" am European Convention Center Luxembourg invitéiert. En Dag, dee ganz am Zeeche vun der administrativer Vereinfachung stoung. An dëser éischter Editioun war d'Haaptthema: "Administrativ Vereinfachung: Initiativen, Outilen an eng besser Gesetzgebung".

  1. ©MinDigital

    Participanten

    Participanten

  2. ©MinDigital

    Marc Hansen, Delegéierte Minister fir Digitaliséierung

    Marc Hansen, Delegéierte Minister fir Digitaliséierung

De Marc Hansen, den delegéierte Minister fir Digitaliséierung, huet eng Ronn honnert Staatsbeamte begréisst, déi un dësem Event deelgeholl hunn. An senger Ried huet hien d'Bedeitung vun der administrativer Vereinfachung am Kontext vun der Digitaliséierung ervirgehuewen. "D'Digitaliséierung an d'Vereinfachung mussen zesummen ëmgesat ginn, fir kënnen ëffentlech Déngschtleeschtungen unzebidden, déi de Besoine vun de Biergerinnen a Bierger entspriechen." Hien ass ënner anerem op déi excellenten 3.Plaz ze schwätze komm, déi Lëtzebuerg beim eGovernment Benchmark 2022 vun der europäescher Kommissioun erreecht huet, grad wéi op d'Recommandatioune vun der OECD, déi an der Etüd iwwer den eGovernment zu Lëtzebuerg zréckbehale goufen, déi de Marc Hansen virun e puer Méint virgestallt hat. D'OECD hat ënner anerem ervirgehuewen, datt de Ministère fir Digitaliséierung bis dohinner déi richteg Weiche fir d'Digitaliséierung vun den ëffentleche Servicer geluecht huet. Den delegéierte Minister huet awer ënnerstrach, datt et awer nach vill Spillraum fir weider Progrèse géif ginn. Laut dem Marc Hansen ass de "Simplify Day" e wichtegen Event, deen eng Méiglechkeet bitt sech auszetauschen, fir esou an dësem Beräich weiderzekommen.

Am Laf vum Moie konnten d'Staatsbeamten unhand vun Interventiounen duerch auslännesch Experten, déi verschidden Aspekter vun der administrativer Vereinfachung entdecken a verstoe léieren. Esou huet de Stéphan Giraud vun der interministerieller Direktioun fir d'Transformatioun vum ëffentlechen Déngscht a Frankräich iwwer seng Erfarunge bei der Uwennung vun de Verhalenswëssenschafte bei der Upassung vum ëffentlechen Déngscht geschwat. De Daniel Trnka vun der Divisioun fir Reguléierungspolitik vun der OECD huet sengersäits iwwer de Méiwäert an d'Roll vun enger besserer Gesetzgebung an der administrativer Vereinfachung geschwat. Ofschléissend huet de Bruno Monteiro vum Observatoire fir Innovatioun am ëffentlech Secteur vun der OECD iwwer de Méiwäert an d'Roll vun innovativen Approchen an der administrativer Vereinfachung geschwat.

D'Participante vun dësem Event konnten esou Froe stellen a sech austauschen iwwer d'Konzeptioun vun der ëffentlecher Administratioun an hir Ziler an deem si z.B. Froe wéi d'Verbesserung vun der Qualitéit vum Déngscht, d'Begleedung vu Verännerungen oder d'Entwécklung vun der digitaler Administratioun thematiséiere konnten.

Am Nomëtten hunn d'Staatsbeamten u co-kreative Workshops deelgeholl wärend deene si sech iwwer konkret Adaptatioune Gedanke maache konnten a mat den Erausfuerderunge vun der administrativer Vereinfachung am Kader vum Ëmbau vun ëffentlecher Verwaltung befaasse konnten.

Communiqué vum Ministère fir Digitaliséierung 

Aktualiséiert