De Regierungsrot geneemegt allgemengen Zougang zu Verhütungsmëttelen

Den 20. Januar 2023 huet de Regierungsrot den Avant-Projet fir d'groussherzoglecht Reglement iwwer d'Nomenclature vun de medezineschen Akten a Servicer déi vun der Krankeversécherung iwwerholl gi guttgeheescht, fir esou de Programm vun der Preventivmedezin an dem allgemengen Zougang zu Verhütungsmëttelen op nationalem Plang ëmzesetzen.

De Verhütungsmëttelprogramm gouf an engem neien Ofkommes tëschent dem Staat an der nationaler Gesondheetskeess (CNS) festgeluecht, a gesäit den Zougang zu sécheren an zouverlässege Verhütungsmëttelen op Ordonnance vir, grad esou wéi och de Remboursement dovunner, an dat ouni Altersbegrenzung an egal wéi eng Aart oder Methode vun der Verhütung.

"De fräien Zougang zu Verhütungsmëttele fir jiddereen, ouni Altersbegrenzung, wäert et jidderengem erlaben, no Ofsprooch mat sengem Dokter, sech fir dat Verhütungsmëttel ze entscheeden, dat hir oder him am beschte passt, ouni datt heifir eng medezinesch Indikatioun virleie muss", esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Aktuell ginn zu Lëtzebuerg nëmmen eng limitéiert Lëscht vu Verhütungsmëttelen op Ordonnance fir Fraen ënner 30 Joer zu 80% rembourséiert.

Nodeems dat groussherzoglecht Reglement zu dësem Ofkommes a Kraaft getrueden ass, wäerten d'Käschte fir folgend Verhütungsmëttelen iwwerholl ginn:

  • Oral Östrogeen-Gestagen-Preparater fir ze verhüten (Antibabypëll);
  • transdermal Östrogeen-Gestagene fir ze verhüten (Verhütungsplooschter);
  • vaginal Östrogeen-Gestagene fir ze verhüten (Verhütungsréng);
  • oral Gestagen-Preparater fir ze verhüten (Minipëll);
  • Gestagene fir eng Injektioun fir ze verhüten (Verhütungssprëtz)
  • hormonell Noutfallverhütung (Pëll duerno)
  • Gestagene fir ze verhüten fir ënnert d'Haut (Verhütungsimplantat)
  • Verhütungsmëttel fir an d'Gebärmutter anzesetzen (Spiral);
  • Ënnerbanne vun den Eileiter als permanent Verhütung (Sterilisatioun)
  • Agrëff um Samenleiter fir eng permanent Verhütung beim Mann (Vasectomie);

Dës Weidere brauch een am Noutfall keng Ordonnance fir de Remboursement vun der Pëll duerno an enger ëffentlecher Apdikt.

"Domadder gëtt den allgemengen a gratis Zougang zu Verhütungsmëttelen ouni Altersbegrenzung a fir all Method agefouert," esou de Claude Haagen, Minister fir sozial Sécherheet.

Sämtlech nei an duerch dat groussherzoglecht Reglement geännert Akte ginn zu 100% iwwer de Staatsbudget finanzéiert.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère / Ministère fir sozial Sécherheet

Aktualiséiert