-
Eropsetze vun der Schoulflicht op 18 Joer
Den 22. Februar 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op enger Pressekonferenz um Ministère a Clausen d'Eropsetze vum Schoulflichtalter virgestallt, d'Haaptzil vum Projet de loi relatif au droit à l'enseignement et à l'obligation scolaire.
-
Informatiounsversammlung iwwert dat neit Gesetz iwwert d'Kulturierwen
Am Kader vum Vott vum neie Gesetz iwwert d'Kulturierwen huet d'Kulturministesch Sam Tanson de Pleséier, all interesséiert Persoun z'invitéieren, un enger vun de véier Informatiounsreuniounen iwwert déi nei Paradigmen déi an Zukunft de Schutz an d'Valorisatioun vun eisem Kulturiewe bestëmme wäerten anzelueden.
-
Communiqué: Ophiewe vun der Alarmstuf Rout a Bilan vum Onwieder vum 18. Februar
De Krisestab "Onwieder" koum de Mëtteg um 17:30 Auer ënnert dem Virsëtz vun der Inneministesch Taina Bofferding nach e Mol zesummen, fir de Point vun der Situatioun ze maachen.
-
Alarmstuf Rout "Onwieder" - wa méiglech, gitt heem oder bleift dobannen!
De Krisestab "Onwieder" koum de Mëtteg um 12:30 Auer ënnert dem Virsëtz vun der Inneministesch Taina Bofferding nach e Mol zesummen, fir de Point vun der Situatioun ze maachen.
-
Reunioun vum Krisestab "Onwieder"
Opgrond vun den aktuelle Wiederprevisiounen, ass et méiglech, dass d'Alarmstuf Rout am Laf vum Dag iwwerschratt wäert ginn. Dofir koum e Krisestab "Onwieder" haut de Moien um 09:00 Auer ënnert dem Virsëtz vun der Inneministesch Taina Bofferding zesummen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 7. bis den 13. Februar 2022
An der Woch vum 7. bis den 13. Februar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 11.003 op 5.871 erofgaangen (-53%).
-
Schwätzt mat – Consumer Dialogue organiséiert vum Konsumenteschutzministère an der Europäescher Kommissioun
Déi nei Verbraucheragenda beschreift d'vebraucherpolitesch Aarbecht vun der Europäescher Kommissioun an den nächste fënnef Joer. Si fält souwuel an d'Zoustännegkeet vun de Memberstaaten, wéi och vun der Europäescher Unioun a muss dowéinst souwuel op nationalem ewéi um EU-Niveau verstanen an ënnerstëtzt ginn.
-
Lancement vum Appel à projets fir Projets vun Tounopnamen
De Kulturministère ass frou, am Kader vun der Reform vu senger Subventionnéierungspolitik d'Aféierung vun engem Ënnerstëtzungsprogramm vun Tounopname vun alle Museksrichtungen unzekënnegen. Zwee Appell-à-projete wäerte pro Joer lancéiert ginn, een am Fréijoer an een am Hierscht.
-
De Flux vun den Textilen zu Lëtzebuerg
Dëst Dokument interesséiert sech fir de Flux vun den Textilen zu Lëtzebuerg, mat engem Accent op d'Quantifikatioun vun den Textiloffäll.
-
Neit COVID-19-Gesetz: Lockerung vu verschiddene Mesuren
Nom Vott vum neie COVID-19-Gesetz duerch d'Chamber, gouf dat ofgeännert Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d’COVID-19-Pandemie op follgende Punkten adaptéiert:
-
D'Chamber huet dat neit Gesetz iwwert d'kulturellt Ierwen ofgeseent
Den Donneschdeg 10. Februar 2022 gouf dat neit Gesetz iwwert d'kulturellt Ierwe vun der Chamber gestëmmt. Et handelt sech hei ëm e wichtege Schrëtt zum Schutz an der Opwäertung vum lëtzebuergesche Kulturierwen. Dat neit Gesetz féiert nei Bestëmmunge fir souwuel dat architektonescht, wéi och dat archeologescht, beweeglecht an immateriellt Ierwen an.
-
École internationale Gaston Thorn: Eng 6. agreéiert europäesch Schoul zu Lëtzebuerg
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet den 9. Februar 2022 op enger Pressekonferenz um Campus Geesseknäppchen d'École internationale Gaston Thorn (EIGT) virgestallt.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 31. Januar bis de 6. Februar
An der Woch vum 31. Januar bis de 6. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 14.918 op 11.003 erofgaangen (-26%).
-
Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vun de Kapitelen Ier, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung, déi vun engem Initiativkommitee presentéiert gouf an de 4. Februar 2022 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt.
-
Areeche vun enger Ufro vun engem Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vun de Kapitelen I, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung
En Initiativkommitee huet haut, am Kader vun der Revisioun vun de Kapitelen I, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung, beim Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, eng Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum no Artikel 114 vun der Verfassung agereecht.
- Éischt Säit
- ...
- 31
- 32
- 33
- 34
- 35
- ...
- Lescht Säit