Reeswarnung - Russesch Federatioun

Opgrond vun de Militäroperatiounen déi Russland géint d'Ukraine ageleet huet, réit d'Lëtzebuerger Regierung senge Staatsbierger dréngend vu Reesen a Russland of. Wéinst der aktueller Situatioun sinn d'Fluchverbindunge mat Russland staark beanträchtegt. Opgrond vun den zouhuelende Restriktioune beim Fluchverkéier tëscht Europa a Russland besteet d'Gefor op onbestëmmten Zäit a Russland blockéiert ze sinn.

D'Regierung rifft d'Lëtzebuerger Staatsbierger a Russland dozou op besonnesch virsiichteg ze sinn. Et gëtt hinne recommandéiert, sech iwwert d'Situatioun z'informéieren, gréisser Versammlungen z'evitéieren an sech un d'Uweisunge vun den Autoritéiten ze halen. Et sief och dorun erënnert, datt d'Fotograféieren oder Filme vu militäreschem Material oder Installatiounen a Russland strengstens verbueden ass. Opgrond vu steigende Stéierunge beim Fluchverkéier, rifft d'Regierung och Lëtzebuerger Staatsbierger a Russland op, fir d'Disponibilitéit vu kommerzielle Flich fir d'Land ze verloosse genau ze suivéieren.

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert