COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 21. bis den 27. Mäerz 2022

An der Woch vum 21. bis den 27. Mäerz ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 7.791 op 9.550 eropgaangen (+23%).

Vun de 9.550 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 1.407,7 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 1.541,2 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 17 vun den 32 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (15 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg ware 3 vun de 4 Patienten net geimpft.

Den Inzidenztaux op 100.000 hospitaliséiert Persounen (5+ Joer) mat engem kompletten Impfschema läit bei 3,27 an der Normalfleeg a bei 0,22 an der Intensivfleeg. Den Inzidenztaux op 100.000 hospitaliséiert Persounen (5+ Joer) ouni kompletten Impfschema läit bei 11,87 an der Normalfleeg a bei 2,09 an der Intensivfleeg.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 21. bis den 27. Mäerz duerchgefouert goufen, ass vu 20.255 op 24.603 geklommen.

Bannent der Referenzperiod, hu 95 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 75 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.392. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 27. Mäerz ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 17.502 eropgaangen, am Verglach zu 13.945 den 20. Mäerz, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 186.769 op 192.745 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 35,6 Joer.

An der Woch vum 21. bis den 27. Mäerz, goufen et 17 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 78 Joer.

An de Spideeler goufen et 32 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 36 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun geet d'Zuel vun de beluechte Better vun 3 op 4 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten läit bei 55 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,18, géintiwwer 1,12 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 38,82%, géintiwwer 38,46% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 1.505 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 1.226 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an déi certifiéiert Selbsttester an de Schoule ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an all den Altersgruppen eropgaangen.

Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 0-14 Joer (+37%) a vu 75+ Joer (+23%). An der Woch vum 21. bis den 27. Mäerz maachen déi certifiéiert Antigène-Tester an der Schoul 28% vun de Fäll bei Persounen tëschent 0-14 Joer an 14% bei Persounen tëschent 15-29 Joer aus.

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 60-74 Joer mat 966 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 2.525 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech. Vun den 11.497 Fäll, déi an der Woch vum 21. bis den 27. Mäerz enregistréiert goufen, konnten nëmmen d'Fäll, déi den 21. oder 22. gemellt goufen, kontaktéiert ginn. Dës Fäll goufen iwwerpréift an d'Kontaminatiounssource gouf identifizéiert.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 33% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (22%), d'Aarbecht (4,9%), d'Fräizäitaktivitéiten (4,7%), an d'Reesen an d'Ausland (3,4%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (25,8%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 21. bis den 27. Mäerz, goufen am Ganzen 1.776 Dosissen aginn. 145 Persoune kruten eng 1. Dosis, 476 kruten déi 2. Dosis, 937 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 218 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 29. Mäerz op 1.274.609.

471.914 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,5% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Popup" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, bitt d'Regierung temporär Impf-Plazen ("Popup" Impfstatiounen) un, fir esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 12. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. D'SARS-CoV-2-Stréim déi an dëser Woch gemooss goufe sinn deene vun de zwou viregte Woche staark änlech. Änlech Tendenze konnten an de verschiddene STEP festgestallt ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert