Formulaire fir d'Energieprimm unzefroen elo online

D'Energieprimm fir Stéit mat geréngem Akommes, déi d'Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen proposéiert, ass Deel vun engem Moossnamepak, deen déi Stéit ënnerstëtzte soll, déi am stäerkste vun der Präisdeierecht betraff sinn. Dës Energieprimm, déi bei der Pressekonferenz vum 28. Februar 2022 presentéiert gouf, ass den 18. Mäerz 2022 vum Regierungsrot approuvéiert ginn.

Stéit, déi eng Zoulag fir d'Liewensdeierecht (Allocation vie chère, AVC) bezéien, kréien eng Energieprimm vu mindestens 200€ an héchstens 400€, ofhängeg vun der Zesummesetzung vun hirem Stot. Dës Energieprimm kann och vu Stéit ugefrot ginn, déi u sech d'Krittäre fir d'AVC net erfëllen, mee deenen hiert Akommes bis zu maximal 25% iwwert dem Revenu läit, deen Urecht op d'Zoulag fir d'Liewensdeierecht gëtt.

Déi Stéit, déi d'AVC bezéien, kréien dës Primm automatesch. Dëst gëllt souwuel fir Stéit, déi hir Zoulag scho kruten, wéi fir déi, déi nach drop waarden. D'AVC-Demanden, déi refuséiert goufen, well se iwwert der Akommesgrenz leien, ginn op Basis vun dësen neien Dispositiounen nach eemol analyséiert, ouni dass eng nei Demande muss agereecht ginn. All déi aner Stéit mussen hir Demande bis spéitstens den 30. September areechen.

De Formulaire fir d'Zoulag fir d'Liewensdeierecht/Energieprimm unzefroen souwéi déi entspriechend Barèmë stinn um Site vum Fonds national de solidarité (FNS) an op Guichet.lu zur Verfügung. Se kënnen och direkt beim FNS oder beim kompetenten Office social ugefrot ginn.

Fir weider Informatiounen zur Zoulag fir d'Liewensdeierecht an d'Energieprimm, steet den FNS wiertes vun 08:30 bis 11:30 Auer ënnert der Nummer 49 10 81 - 999 zur Verfügung. D'E-Mail-Adress ass avc.fns@secu.lu.

Communiqué vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun

Aktualiséiert