Verschidden Impfplaze maachen ab dem 16. Abrëll zou

Ab dem 16. Abrëll maachen déi 2 Impfzenteren Esch-Belval an Ettelbréck an déi verschidde Pop Ups hir Dieren zou.

Impfzenteren Esch-Belval an Ettelbréck

D'Impfzenteren Esch-Belval an Ettelbréck sinn ab dem Samschdeg, 16. Abrëll um 13:00 Auer zou.

All Persounen, déi hir éischt Dosis no dem 19. Mäerz an engem vun deenen 2 Zenteren oder engem Pop Up kruten, kënne fir hir zweet Dosis an den Impfzenter Hall Victor Hugo, bei een Apdikter oder en Dokter goen.

D'Lëscht vun den Apdikten an den Hausdokteren, déi reegelméisseg aktualiséiert gëtt, fannt Dir op covidvaccination.lu.

"Pop Up" Impfung

  • D'Pop Ups an de Shoppingzentere sinn ab dem Samschdeg, 16. Abrëll zou.
  • De Pop Up Gare Lëtzebuerg ass ab dem Freideg, 15. Abrëll zou.

Wärend d'Pop Ups zougemaach ginn, gëtt gläichzäiteg den Impfbus reaktivéiert, deen dann, ënnert anerem, op de Parkinge vu Shoppingzenteren, Aktivitéitszonen oder Evenementer wäert sinn.

D'Lëscht vun all den temporären Impfplaze gëtt kontinuéierlech aktualiséiert a kann op covidvaccination.lu consultéiert ginn.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert