-
Start vun der Impfung géint COVID-19 an den Dokteschpraxissen
Ab der Woch vum 2. August ginn déi éischt Impfungen an den Dokteschpraxisse vun den Hausdokteren a Pediateren ugebueden.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 19. bis de 25. Juli
An der Woch vum 19. bis de 25. Juli a fir déi 3. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 727 op 566 (-22%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 1.599 Fäll géintiwwer 2.431 an der Woch virdrun (-34%).
-
Nei Sensibiliséirungscampagne "Zesummen ënnerwee" fir méi Versteesdemech tëscht Vëlosfuerer a Foussgänger
Mam Zil, fir e respektvollen Ëmgang tëscht de Vëlosfuerer a Foussgänger ze promouvéieren, lancéiert de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten dëse Freideg, de 23. Juli, d'Sensibiliséierungscampagne "Zesummen ënnerwee".
-
D'Taina Bofferding geet a Gemengen, déi staark ënnert den Iwwerschwemmunge gelidden hunn
Ronn eng Woch no den zum Deel katastrofalen Iwwerschwemmungen uechtert d'Land war d'Inneministesch, Taina Bofferding, gëschter an haut nach emol a verschiddene Gemengen ënnerwee, fir op der Plaz de Buergermeeschteschen a Buergermeeschteren engersäits nozelauschteren an hinnen anerersäits Hëllef unzebidden.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 12. bis den 18. Juli
An der Woch vum 12. bis den 18. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 829 op 727 (-12%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.431 Fäll géintiwwer 2.890 an der Woch virdrun (-16%).
-
Ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag
De Regierungsrot kënnt haut um Donneschdeg, 15. Juli 2021 um 17:00 Auer zesummen. No der Seance informéieren de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d‘Inneministesch Taina Bofferding d’Press iwwert d’Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 18 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 5. bis den 11. Juli
An der Woch vum 5. bis den 11. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 787 op 828 (+5%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.890 Fäll géintiwwer 2.228 an der Woch virdrun (+30%).
-
Presentatioun vun de Conclusioune vun der onofhängeger externer Etüd zu de Clusteren an de stationären Altersheemer
D'Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert presentéieren d'Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an de stationären Alters- a Fleegeheemer. De Livestream fënnt nom Debat an der Chamber statt.
-
Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung
Den Aussen- an Europaministère informéiert, dass Lëtzebuerg der Recommandatioun (UE) 2021/1085 vum Conseil vum 1. Juli 2021, déi d'Recommandatioun (UE) 2020/912 vum Conseil zu den temporäre Restriktioune fir net essentiell Reesen an d'Europäesch Unioun an eng méiglech Ophiewung vun dëse Restriktiounen, nokomm ass.
-
Diplomiwwerreechung am INL: d'Laureaten vun der zwielefter Promotioun vun der Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" kruten hiren Diplom iwwerreecht
2020/2021 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi zwielefte Kéier d'Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) organiséiert. Dës Formatioun gouf duerch d'Gesetz vum 22. Mee 2009 vum INL geschaaft an huet de Formatioune fir Enseignanten am Lëtzebuergeschen eng legal Basis an en offiziellen Diplom ginn.
-
Impfung mat enger Kombinatioun aus zwee verschiddene COVID-19-Impfstoffer - "mix & match"
Op Recommandatioun vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI), huet de Regierungsrot a senger Sëtzung vun haut decidéiert, seng Impfstrategie z'adaptéieren, fir eng heterologesch Impfung z'erméiglechen (och als "mix and match" bezeechent).
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Vizepremierminister Dan Kersch an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 28. Juni bis de 4. Juli
An der Woch vum 28. Juni bis de 4. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 107 op 787 (+635%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.228 Fäll géintiwwer 353 an der Woch virdrun (+531%).
-
Start vun der Informatiounscampagne iwwert den Nutri-Score
Ab dem 5. Juli lancéiert de Konsumenteschutzministère eng Informatiounscampagne zum Nutri-Score, dem Logo, dat een um Emballage zu veraarbechte Produite ka fannen an dat iwwert d’Näerwäertqualitéit vun de Liewensmëttel informéiert.
-
Nei Waardelëscht fir all Persoun, déi sech géint de COVID-19 impfe loosse wëll, Frontalieren inclus
D'Phas 6 vun der Impfcampagne (18-54 Joer) gouf dës Woch ofgeschloss.
- Éischt Säit
- ...
- 43
- 44
- 45
- 46
- 47
- ...
- Lescht Säit