Nei Waardelëscht fir all Persoun, déi sech géint de COVID-19 impfe loosse wëll, Frontalieren inclus

D'Phas 6 vun der Impfcampagne (18-54 Joer) gouf dës Woch ofgeschloss. Wéi och nom Ofschloss vun de viregte Phasen, kënnen all déi, déi wärend de verschiddene Phase vun der Impfcampagne (Phas 1-6) nach kee Rendez-vous fir eng Impfung géint de COVID-19 geholl hunn, sech op enger neier Waardelëscht aschreiwen.

Persounen, déi mindestens 18 Joer al sinn, kënne sech op enger oder méi vun de folgende Lëschten aschreiwen:

  • op enger Lëscht fir eng Impfung mam AstraZeneca-Impfstoff,
  • op enger Lëscht fir eng Impfung mam Janssen-Impfstoff,
  • op enger Lëscht fir eng Impfung mat engem mRNA-Impfstoff (Moderna /BioNTech-Pfizer).

Et kann ee sech ab dem 5. Juli (Moies) iwwert d'Websäit www.impfen.lu umellen an dat bis Enn Juli.

Persounen, déi sech ageschriwwen hunn, kréien eng Invitatioun vum Gesondheetsministère per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir sech e Rendez-vous an engem Impfzenter no Choix ze huelen. Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533.

Dës Decisioun vun der Regierung, soll all deene Persounen, déi hiren éischte Rendez-vous net konnten anhalen, d'Méiglechkeet gi fir op e spéidere Rendez-vous invitéiert ze ginn.

Impfung vun de Frontalieren

Déi vun der Regierung um 4. Dezember 2020 adoptéieren Impfstrategie huet och virgesinn, datt eng Impfung fir Frontaliere soll ugebuede ginn, soubal d'Residenten all eng Invitatioun fir d'Impfung kruten. D'Waardelëschte ginn also souwuel fir Frontaliere wéi och Lëtzebuerger mat Wunnsëtz an engem anere Land, an deem se keen Accès zu enger Impfung hunn, op.

Communiqué vum Staatsministère a vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert