COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 28. Juni bis de 4. Juli

An der Woch vum 28. Juni bis de 4. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 107 op 787 (+635%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.228 Fäll géintiwwer 353 an der Woch virdrun (+531%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 28. Juni bis de 4. Juli duerchgefouert goufen, ass vun 39.181 op 35.372 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 10 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 221. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufe 695 positiv Fäll gemellt, mat 182 Fäll an der Woch vum 28. Juni bis de 4. Juli. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéistaux net matgerechent ginn.

De 4. Juli war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 28,9 weider eropgaangen (am Verglach zu 140 de 27.06.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 69.684 op 69.785 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll bleift stabel bei 28,9 Joer.

D'Woch vum 28. Juni bis de 4. Juli ass déi véiert Woch noeneen an där keen neien Doudesfall am Zesummenhang mat COVID-19 festgestallt gouf.

An de Spideeler bleift d'Situatioun entspaant, mat 3 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, genau d'selwecht wéi an der viregter Woch. An der Intensivfleeg geet d'Zuel vun de beluechte Better vun 2 op 1 erof. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass awer vu 60 op 46 Joer däitlech erofgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 0,86 op 2,08 eropgaangen, esou wéi de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), mat 0,27% par rapport zu 2,22% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). De Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, läit elo bei 5,95%, géintiwwer 0,95% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux geet och erop a läit op 7 Deeg bei 124 Fäll pro 100.000 Awunner, am Verglach zu 17 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch vum 21. Juni.

Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenz-Taux an all den Altersgruppe geklommen.

Déi gréissten Haussë gëtt et bei den Alterstranchë vu 15-29 Joer (+824%), 30-44 Joer (+700%), 45-59 Joer (+336%) an 0-14 Joer (+181%). Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an den Alterstranchë vu 75+ Joer a 60-74 Joer. Et sief drop higewisen, dass 84% vun all de positive Fäll vun der leschter Woch an den Altersgruppe vu 15-29 an 30-44 Joer waren.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 28. Juni bis de 4. Juli, ware 589 Persounen an Isolatioun (+105%) an 1.790 a Quarantän (+384%).

Kontaminatiounen

Eng nei Entwécklung ass am Beräich vun de Kontaminatiounssourcë festzestellen. Fir déi 787 nei Fäll sinn d'Fräizäitaktivitéiten elo déi heefegst Source mat 33,6% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen de Familljekrees (9,8%), d'Reesen an d'Ausland (6,2%), an d'Educatioun (3,9%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 38,7% erofaangen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 28. Juni bis de 4. Juli, goufen am Ganze 50.026 Dosissen aginn. 21.947 Persoune kruten eng 1. Dosis an 28.078 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 6. Juli op 585.552 (1. an 2. Dosis). 259.247 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 21. bis de 27. Juni louch de Sequenzéierungtaux bei 69,2%.

Fir déi 107 Echantillonen, déi fir d'Kalennerwoch 25/2021 duerchgefouert goufen, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • d'Delta-Variant (indesch Variant B.1.617.2) representéiert 60,8% vun de Fäll, am Verglach zu 59,4% an der Woch 24 - a bleift also stabel
  • d'Gamma-Variant (brasilianesch Variant P.1) representéiert 24,1% vun de Fäll - a gëtt also nees méi oft um Territoire detektéiert (1 Fall an der Woch 24)
  • d'Alpha-Variant (brittesch Variant B.1.1.7) representéiert 10,1% vun de Fäll, am Verglach zu 29,7% an der Woch 24
  • d'Beta-Variant (südafrikanesch Variant B.1.351) representéiert 2,5% vun de Fäll

Säit dem 18.04.2021 ass d'Delta-Variant (B.1.617.2) bei 234 Residentë festgestallt ginn. Et sief unzemierken, dass de Sequenzéierungstaux zu Lëtzebuerg mat 69,2% wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten Taux vun 10% läit, a virun allem, dass d'Gesamtzuel un Delta-Fäll, an absolutten Zuelen, niddereg ass.

D'Donnéeë zu der Sequenzéierung vun de Varianten fënnt een um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 28. Juni bis de 4. Juli ënnersicht goufen, weist eng konstant Tendenz no uewen. Eng änlech Tendenz gëtt och an den eenzele Kläranlagen festgestallt, woubäi verschiddener eng signifikant Hausse vum Kontaminatiounsniveau opweisen. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert