Start vun der Impfung géint COVID-19 an den Dokteschpraxissen

Ab der Woch vum 2. August ginn déi éischt Impfungen an den Dokteschpraxisse vun den Hausdokteren a Pediateren ugebueden. Sou kann all Resident an Net-Resident, deen eng Lëtzebuerger Matricule huet, nach net geimpft ass, a 16 Joer oder méi al ass (12 Joer fir Impfunge mat engem mRNA-Impfstoff), sech géint COVID-19 an enger vun den deelhuelenden Dokteschpraxissen impfe loossen. Déi interesséiert Persoun muss hir Carte d'identité virweisen an eng Matricule am nationale Regëster vun natierleche Persounen (RNPP) hunn.

An enger éischter Pilotphas bidde 4 Dokteschpraxissen zu Esch-Uelzecht, Miersch, Réiden op der Atert a Stroossen eng Impfung géint COVID-19 un. Dono, an de Woche vum 9. a vum 16. August, gi weider Dokteschpraxissen am ganze Land op d'Lëscht bäigesat, fir esou eng homogeen Verdeelung um nationalen Territoire ze garantéieren. D'Lëscht vun de Medezinner, déi bei der Impfcampagne matmaachen, gëtt reegelméisseg aktualiséiert a kann hei um Site vun der Regierung opgeruff ginn: https://covid19.public.lu/lb/impfung/rendez-vous-huelen.html.

Déi deelhuelend Doktere kënnen Impfstoffer vu Janssen (Johnson&Johnson), AstraZeneca a BioNTech/Pfizer bestellen, an dës ginn dann entspriechend de gültegen Norme stockéiert an aginn. De Choix vum Impfstoff gëtt an Ofsprooch mam Dokter geholl.

Fir d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert ass d'Participatioun vun de liberalen Dokteren eng weider bedeitend Etapp an der Impfcampagne: "Ech wëll besonnesch der AMMD an dem Cercle des médecins-généralistes an och de Pediatere Merci soen, fir all hir Efforten an d'Ënnerstëtzung iwwert déi ganz Impfcampagne a speziell och fir d'Ëmsetzung vun der Impfung an den Dokteschpraxissen. D'Doktere sinn d'Vertrauenspersoune vun hire Patienten a spillen esou eng onersetzlech Roll fir de Succès vun der Impfcampagne zu Lëtzebuerg. Zesumme kënne mir de COVID-19 bezwéngen."

Communiqué vum Gesondheetsministère 

Aktualiséiert