D'Taina Bofferding geet a Gemengen, déi staark ënnert den Iwwerschwemmunge gelidden hunn

Ronn eng Woch no den zum Deel katastrofalen Iwwerschwemmungen uechtert d'Land war d'Inneministesch, Taina Bofferding, gëschter an haut nach emol a verschiddene Gemengen ënnerwee, fir op der Plaz de Buergermeeschteschen a Buergermeeschteren engersäits nozelauschteren an hinnen anerersäits Hëllef unzebidde virum Hannergrond vum aussergewéinlechen Héichwaasser. Gëschter stounge Visiten zu Bettenduerf, Iechternach a Rouspert-Mompech um Programm, haut an der Fiels an zu Miersch.

  1. ©SIP / Luc Deflorenne

    Treffe mat de Responsabele vun der Gemeng Rouspert-Mompech
  2. ©SIP / Luc Deflorenne

    Treffe mat de Responsabele vun der Gemeng Miersch
  3. ©SIP / Luc Deflorenne

    Treffe mat de Responsabele vun der Gemeng Bettenduerf
  4. ©SIP / Luc Deflorenne

    Treffe mat de Responsabele vun der Gemeng Fiels
  5. ©SIP / Luc Deflorenne

    Treffe mat de Responsabele vun der Gemeng Iechternach

 

"Et war mer wichteg, direkt vun dëse Gemengeresponsabelen ze héieren, wat hir Andréck waren a wat gutt a manner gutt gelaf ass. Ech konnt mer e Bild vum Ausmooss vun der Katastrof maachen, vun de sëlleche Gemengeninfrastrukture wéi Sportshalen, Atelieren a Schoulen, déi alt bis zu zwee Meter ënner Waasser stoungen. De Gemenge wëll ech e grousse Luef fir hiert séiert Handelen ausschwätzen a soen, dass si op mech ziele kënnen a mir hinne mat gezielte Subsiden ënnert d'Äerm wäerte gräifen!", sot d'Taina Bofferding no de Visitten.

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert