Nei Sensibiliséirungscampagne "Zesummen ënnerwee" fir méi Versteesdemech tëscht Vëlosfuerer a Foussgänger

©MMTP Zesummen Ënnerwee - 10 Tipps

Mam Zil, fir e respektvollen Ëmgang tëscht de Vëlosfuerer a Foussgänger ze promouvéieren, lancéiert de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten dëse Freideg, de 23. Juli, d' Sensibiliséierungscampagne "Zesummen ënnerwee".

Zanter dem reegelrechte Vëlos-Boom an der Pandemie a grad während de Summerméint sinn oft Vëlosfuerer a Foussgänger zesummen op deene nämmlechte Weeër ënnerwee.

 Am Zentrum vun dëser Campagne steet de géigesäitege respektvollen Ëmgang tëscht Vëlosfuerer a Foussgänger, wou déi zwou Säiten drun erënnert ginn, wéi wichteg et ass, den ëffentleche Raum ze deelen an een op deen aneren opzepassen.

Dës Campagne wëll d'Cyclisten an d' Foussgänger op d'Wichtegkeet vun einfache Gesten a Praktiken am ëffentleche Raum opmierksam ze maachen, fir Konflikter am Verkéier ze vermeiden.

Hei sinn eis 10 Tipps fir e respektvollen Ëmgang tëschent Vëlosfuerer a Foussgänger:

  1. Lénks zu Fouss, riets mam Vëlo
  2. Vitesse upassen
  3. Ofstand suergt fir Sécherheet
  4. Schelle virum Iwwerhuelen
  5. Bléckkontakt
  6. Moien a Merci
  7. Richtungswiessel ukënnegen
  8. Haart Musek an Handy vermeiden
  9. Den Hond un d'Léngt
  10. D 'Ëmwelt respektéieren

D'Campagne fänkt dëse Freideg, den 23. Juli 2021 un a gëtt an der Press, op der Televisioun an iwwer e Radiospot diffuséiert. "Zesummen ënnerwee” gëtt och op de sozialen Netzwierker an op de digitale Ecrane am Tram an a de Gemengen deklinéiert fir nach eng Kéier op d'Reegelen opmierksam ze maachen, déi Vëlosfuerer a Foussgänger respektéiere solle, wann si zesummen ënnerwee sinn.

Méi Informatiounen zu den eenzele Reegele fannt Dir op www.mmtp.lu

 

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Aktualiséiert