COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 14. bis den 20. Juni

An der Woch vum 14. bis den 20. Juni, a fir déi 12. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 189 op 90 (-52,3%) weider erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vu 742 op 396 Kontakter erofgaangen ass (-46,6%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 14. bis den 20. Juni duerchgefouert goufen, ass vu 45.745 op 46.380 geklommen.

230 Persounen hunn e positiven Antigen-Schnelltest gemellt.

Den 20. Juni war d'Zuel vun den aktiven Infektioune mat 258 nees erofgaangen (am Verglach zu 498 den 13.06), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 69.129 op 69.459 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 diagnostizéierte Persounen ass weider erofgaangen a läit bei 27,7 Joer, am Verglach zu 33 Joer d'Woch virdrun.

D'Woch vum 14. bis den 20. Juni ass déi zweet Woch an där keen neien Doudesfall am Zesummenhang mat COVID-19 festgestallt gouf. Dëst war net méi de Fall säit der Woch vum 21. bis de 27. September 2020.

Och an de Spideeler geet de Réckgang virun. Keng nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten goufen an der Normalfleeg gemellt. Op der Intensivstatioun bleift d'Zuel vun de beluechte Better stabel bei 2. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass awer vu 54 op 64 Joer geklommen.

Opgrond vun dëser allgemenger Verbesserung vun der Situatioun an de Spideeler, huet Lëtzebuerg nees d'Phas 0 vum Spidolsplang erreecht. Dëst bedeit, dass nees all nei Admissiounen an engem eenzege Spidol kënnen traitéiert ginn.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 0,70 op 0,58 erofgaangen, genau wéi de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), dee vun 0,41% an der Woch virdrun op 0,19% erofgaangen ass. Déi selwecht Tendenz gëtt et och beim Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, deen elo bei 0,58% läit, géintiwwer 1,19% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux geet an allen Altersgruppe weider däitlech erof a läit op 7 Deeg bei 14 Fäll pro 100.000 Awunner, am Verglach zu 30 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch vum 7. Juni.

Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an den Alterstranchë vu 60-74 a 75+ Joer, mat 5 Fäll pro 100.000 Awunner. Den héchsten Inzidenz-Taux gëtt et bei der Alterstranche 0-14 Joer, mat 25 Fäll pro 100.000 Awunner. Dono kënnt d'Alterstranche 15-29 Joer, mat 20 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 14. bis den 20. Juni, ware 467 Persounen an Isolatioun (-32%) a 515 a Quarantän (-22% par rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 90 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 41,3% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (12,9%) a Reesen an d'Ausland (10,9%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, läit bei 32,6%.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 14. bis den 20. Juni goufen am Ganzen 43.866 Dosissen aginn. 25.140 Persoune kruten eng 1. Dosis an 18.726 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 23. Juni op 505.986 (1. an 2. Dosis). 217.234 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 7. bis den 13. Juni louch de Sequenzéierungtaux bei 36%.

Fir déi 189 Echantillonen, déi fir d'Kalennerwoch 23/2021 duerchgefouert goufen, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • d'Alpha-Variant (brittesch Variant B.1.1.7) representéiert 50,5% vun de Fäll, am Verglach zu 47,4% an der Woch 22
  • d'Delta-Variant (indesch Variant B.1.617.2) representéiert 35,0% vun de Fäll, am Verglach zu 30,4% an der Woch 22
  • d'Gamma-Variant (brasilianesch Variant P.1) representéiert 3,9% vun de Fäll (4 nei Fäll goufen detektéiert, an der Woch virdru gouf et kee Fall)
  • d'Beta-Variant (südafrikanesch Variant B.1.351) representéiert 1,0% vun de Fäll (1 neie Fall gouf detektéiert)

Säit dem Optauche vun der Delta-Variant zu Lëtzebuerg, konnt eng exponentiell Entwécklung vu Woch zu Woch observéiert ginn. Dës Entwécklung gouf awer an der Woch vum 7. bis den 13. Juni ënnerbrach, wou 40% manner Fäll vum Delta (56 op 34) festgestallt goufen. De staarke Réckgang vun de Fäll vun deenen anere Variante spigelt sech an enger Hausse vun der Proportioun vun den Delta-Fäll erëm (31 op 35%)

Et sief unzemierken, dass de Sequenzéierungtaux zu Lëtzebuerg wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten Taux vun 10% läit, a virun allem, dass d'Gesamtzuel un Delta-Fäll, an absolutten Zuelen, niddereg ass.

Méi detailléiert Informatiounen iwwert d'Verdeelung vun de Varianten zu Lëtzebuerg fënnt een um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 14. bis den 20. Juni ënnersicht goufen, weist eng konstant Tendenz no ënnen an deene leschte Wochen. Eng änlech Tendenz weist sech um individuellen Niveau vun den eenzele Kläranlagen, woubäi verschiddener ee Kontaminatiounsniveau opweisen, deen no oder souguer ënnert der Detektiounslimitt leien. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert