Impfung mat enger Kombinatioun aus zwee verschiddene COVID-19-Impfstoffer

Eng Rei Memberstaate vun der EU wenden eng Impfstrategie un, an där bei der éischter an zweeter Dosis verschidde COVID-19-Impfstoffer agi ginn. Zum Beispill kënne verschidden EU-Bierger eng éischt Dosis vu Vaxzevria an eng zweet Dosis vu Comirnaty kréien. An dësem Fall schwätzt ee vun enger heterologescher Impfung (och heiansdo als "mix and match" bezeechent). 

Zurzäit gëtt dës Strategie am Kader vun der Lëtzebuerger Impfcampagne net ugewannt. Bis Enn Juni gëtt zu dësem Thema mat engem Avis vun der europäescher Medikamentenagence (EMA) gerechent. D'Agence analyséiert momentan d'Donnéeë vu verschiddene Studien a wäert no Ofschloss vun dësen Analyse Stellung bezéien. Virleefeg Resultater vu Studien, déi a Spuenien an Däitschland duerchgefouert gi sinn, suggeréieren eng zefriddestellend Immunreaktioun. Aner Donnéeë ginn deemnächst erwaart, ënnert anerem déi aus de Studie COM-COV a COM-COV-2, déi eng Rei Impf-Scheemaen analyséieren, an deene bei der éischter a bei der zweeter Dosis verschidden Impfstoffer benotzt gi sinn.

Soubal den Avis vun der EMA bekannt ass, wäert d'Regierung entscheeden ob d'Impfstrategie ugepasst muss ginn. An der Tëschenzäit gëtt de Choix vum Impfstoff am Eenzelfall vum Dokter evaluéiert, ofhängeg vum allgemengen Gesondheetszoustand vun der Persoun, déi geimpft soll ginn. Bei Persoune mat enger Virgeschicht vun Thromboemolie mat heparin-induzéierter Thrombozytopenie (HIT oder HIT Typ 2), bei deenen eng zweet Dosis vum selwechten Impfstoff kontraindizéiert ass, kann d'Impfung mat enger zweeter Dosis vu Comirnaty ergänzt ginn, an dëst engem Delai vun 8 bis 12 Wochen, oder soubal de klineschen Zoustand vum Patient et zouléisst.

Lëtzebuerg schenkt der verstäerkter Iwwerwaachung vun der Sécherheet a Wierksamkeet vun de COVID-19-Impfstoffer iwwert den nationale Meldesystem eng besonnesch Opmierksamkeet. Och ginn all d'Moyenen an d'Weeër geleet, fir dass d'Impfcampagne esou sécher an effikass wéi méiglech ass, a gläichzäiteg eng breet Impfung vun der Bevëlkerung erméiglecht gëtt.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert