Nationalfeierdag 2021

Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, huet den 23. Juni eng offiziell Zeremonie beim Monument national de la Solidarité luxembourgeoise um Kanounenhiwwel stattfonnt. Et hunn de Staatschef, d'Regierungsmemberen, d'Deputéiert, d'Vertrieder vum Stater Schäffen- a Gemengerot, Vertrieder vum Staatsrot, vun der Justiz esou ewéi den Doyen vum beim Lëtzebuerger Staatschef akkreditéierten diplomatesche Corps, de Chef vum Etat-major vun der Lëtzebuerger Arméi an den Direkter vun der Police Lëtzebuerg deelgeholl.

Um 11 Auer, bei senger Arrivée um Boulevard F.D. Roosevelt, gouf de Grand-Duc vum Chamberspresident Fernand Etgen, vum Premier- a Staatsminister Xavier Bettel, a vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer, empfaangen.

Um Programm vun der Zeremonie stounge Riede vum Grand-Duc, vum Chamberspresident Fernand Etgen, a vum Premier- a Staatsminister Xavier Bettel.

No der offizieller Zeremonie goufen déi 21 traditionell Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus geschoss.

De Livestream mat franséischer Iwwersetzung an a Gebäerdesprooch fannt Dir fannt Dir hei.

Regierungsmember

BETTEL Xavier

Organisatioun

Staatsministère

Event Datum

23.06.2021 10:55