Communiqué a Relatioun mat der Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer aus dem Vereenegte Kinnekräich mat Destinatioun Lëtzebuerg

Wéinst der Zirkulatioun vu mutéierte Stämm vum SARS-CoV-2 Virus, déi anscheinend méi ustiechend sinn, a besonnesch am Hibléck op d'Verbreedung vun der Delta-Variant (B.1.617.2.), informéieren den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère, dass déi zousätzlech sanitär Mesurë fir Deplacementer aus dem Vereenegte Kinnekräich mat Destinatioun Lëtzebuerg bis de 15. Juli 2021 mat abegraff verlängert ginn.

Et sief drun erënnert, dass all Persoun iwwer 6 Joer, déi sech bannent 14 Deeg virun hirer Arrivée zu Lëtzebuerg am Vereenegte Kinnekräich opgehalen huet, ee COVID-19-Test (PCR-, TMA- oder LAMP-Methoden[1]) duerchféiere loosse muss, soubal se hei am Land ukënnt. Wichteg ass, dass ee beim Test de Laboratoire fir medezinesch Analysen iwwert säin Openthalt am Vereenegte Kinnekräich informéiert. Dës Test-Obligatioun gëllt fir all Persoun, déi sech 14 Deeg virun hirer Arees op Lëtzebuerg, am Vereenegte Kinnekräich opgehalen huet, an dëst onofhängeg vum Transportmëttel a vun der Dauer vum Openthalt am Vereenegte Kinnekräich oder zu Lëtzebuerg. Bei Persounen, déi iwwert de Loftwee an de Grand-Duché areesen, gëtt dësen Test gratis am COVID-19-Testzenter um Flughafen realiséiert.

Déi betraffe Persoune mussen direkt no hirer Arrivée am Grand-Duché fir eng Dauer vu 7 Deeg an eng strikt Quarantän, an ab dem 6. Dag vun der Quarantän een 2. Test op SARS-CoV-2 duerch Amplifikatioun vum viralen RNA (PCR-, TMA- oder LAMP-Methoden) duerchféiere loossen. Bei Verweigerung vum Test no der Arrivée oder no der Quarantän vu 7 Deeg, gëtt déi obligatoresch Quarantän ëm 7 Deeg verlängert, op insgesamt also 14 Deeg.

Déi betraffe Persoune si verflicht sech bei der Inspection sanitaire ze mellen (per E-Mail: contact-covid@ms.etat.lu oder Telefon: 247-65533), déi fir de Monitoring an den Tracing zoustänneg ass.

Et sief drun erënnert, dass bis de 15. Juli 2021 och fir Deplacementer aus Indien speziell Reegele gëllen.

 

[1] PCR:  polymerase chain reaction; TMA: transcription-mediated amplification; LAMP: loop-mediated isothermal amplification

Communiqué vum Gesondheetsministère a vum Aussen- an Europaministère

 

Aktualiséiert